Kulturierwen

Als Kulturierwen oder kulturelle Patrimoine (fr. patrimoine culturel, de. Kulturerbe, Kulturgut) versteet een den Ensembel vu Ressourcen, déi aus der Vergaangenheet geierft goufen, an déi d'Leit onofhängeg vum Besëtz, als Reflexioun an als Ausdrock vun hire Wäerter, Iwwerzeegungen, Wëssen an Traditiounen, déi sech stänneg weiderentwéckelen, ugesinn. Dëst begräift all d‘Aspekter vun der Ëmwelt, déi iwwer d'Zäit aus der Interaktioun tëscht de Mënschen a Plaze resultéieren.
„Le patrimoine culturel constitue un ensemble de ressources héritées du passé que des personnes considèrent, par-delà le régime de propriété des biens, comme un reflet et une expression de leurs valeurs, croyances, savoirs et traditions en continuelle évolution. Cela inclut tous les aspects de l’environnement résultant de l’interaction dans le temps entre les personnes et les lieux.“
De Begrëff „Patrimoine“ beschreift eng Ierfschaft, déi vu fréiere Generatioune weidergi gouf, an déi mir intakt oder verbessert un déi zukünfteg Generatioune weidergi mussen, grad ewéi d'Noutwennegkeet, e Patrimoine fir muer opzebauen. Et geet dofir wäit iwwer den einfache perséinlechen Eegentum eraus (d'Recht ze benotzen (fr. user) an ze mëssbrauchen (fr. abuser) nom réimesche Recht).
Europäesch Initiativen am Beräich vum Kulturierwe gi vum Europarot koordinéiert.
Kulturierwen zu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]D'Definitioun vum Kulturierwe wéi s'an der Konventioun vu Faro festgehalen ass, steet och esou am Lëtzebuerger Gesetz iwwer de kulturelle Patrimoine vun 2022[1]. Dem Gesetz no ëmfaasst d’Kulturierwen déi beweeglech an onbeweeglech, materiell, immateriell, audiovisuell an digital Gidder, deenen hiren Erhalt a Schutz vun nationalem ëffentlechem Interessi ass, sief et aus historescher, archeologescher, architektonescher, kënschtlerescher, handwierklecher, paleontologescher, mineralogescher, geologescher, wëssenschaftlecher, sozialer, technescher, folkloristescher, urbanistescher, industrieller, natierlecher, landschaftlecher, reliéiser, militärescher, politescher oder ethnologescher Siicht.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Nationaalt Kulturierwe vu Lëtzebuerg.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Kulturierwen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Kuckt um Spaweck: Loi du 25 février 2022 relative au patrimoine culturel