Kulturkanal (Veräin)
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Kulturkanal ASBL)
| Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Kulturkanal | |
|---|---|
| Rechtsform | Association sans but lucratif |
| Grënnungsdatum | 7. Juni 2020 |
| Sëtz | Miersch |
| 15a, rue de la Gare | |
|
| |
Kulturkanal ass eng lëtzebuergesch ASBL, déi de Kulturkanal fir Lëtzebuerg (KUK) dréit, e kulturellen Onlineportal fir d'Kreatioun an d'Diffusioun vu kulturellen Inhalter a vu Weiderbildungsaktivitéiten.
De Veräi gouf de 7. Juni 2020 zu Miersch gegrënnt an den 10. Juni 2020 an de Registre de commerce et des sociétés agedroen.
Grënnungsmembere waren: Serge Tonnar, Tania Brugnoni, Serge Nickels a Christian Ries.
Ziler vum Veräin
[änneren | Quelltext änneren]D'Haaptziler vum Veräi sinn de Lancement, d'Organisatioun an d'Gestioun vun engem Onlineportal fir d'Kreatioun an d'Diffusioun vu kulturellen Inhalter, absënns:
- déi kulturell Kreatioun an Expressioun ze encouragéieren an ze verbreeden;
- nei Gesellschaftschichten unzespriechen, vun all Alter, Urspronk a sozial Klassen, fir zur Demokratiséierung vun der Kultur bäizedroen;
- déi Méiglechkeete vun den digitalen Technologien ausnotze fir d'Ofhängegkeet vun de Kënschtler ze reduzéieren;
- d'Vernetze vu Kënschtler, Produzenten an Distributeure vu kulturellen Inhalter, ob digitaler oder audiovisueller;
- den interkulturellen Dialog stimuléieren.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Internetsäit vum Kulturkanal: http://www.kuk.lu
