L'Indépendance luxembourgeoise

Vu Wikipedia
L'Indépendance luxembourgeoise
Entête 1871
Typ Dageszeitung
Periodizitéit 6 Woch
Sprooch Franséisch
Éischt Ausgab 1. Oktober 1871
Grënner Jean Joris
Lescht Ausgab 31. Dezember 1934
Land Lëtzebuerg
Chefredakter Jean Joris,
Nicolas Liez,
Marcel Noppeney


D'Ausgab vum 29.10,1929

L'Indépendance luxembourgeoise war eng lëtzebuergesch Dageszeitung a franséischer Sprooch, déi tëscht 1871 an 1934 op 6 Deeg an der Woch erauskoum.

Déi éischt Nummer vun der Zeitung, déi vum Jean Joris gegrënnt gouf, koum den 1. Oktober 1871 eraus. Virdru war de Joris Editeur vu L'Avenir (1868-1971).

Redakter vun der Zeitung war ufanks de Jean Joris, duerno den Nicolas Liez an nach méi spéit de Marcel Noppeney. Zu de Mataarbechter hunn ë. a. den Etienne Hamélius (1856-1929), de Joseph Hansen (1874-1952), de Charles Becker (1881-1952) an de Paul Weber (1898-1976) gezielt.

L'Indépendance luxembourgeoise gouf Enn 1934 agestallt an duerch Luxembourg: journal du matin ersat.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: L'Indépendance luxembourgeoise – Biller, Videoen oder Audiodateien