Läschdecken
Eng Läschdecken ass e Feierläschmaterial, dat besonnesch bei Bränn benotzt gëtt, déi eréischt an der Entwécklung sinn.
Material[änneren | Quelltext änneren]
Läschdecke ginn aus Glasfisemtissus, aus Woll, déi cheemesch traitéiert gouf, oder aus Nomex produzéiert. Fréier gouf Asbest dofir gebraucht.
Den Numm[änneren | Quelltext änneren]
An der "EN 1869" gëtt d'Decken "Läschdecken" genannt.
D'Funktioun[änneren | Quelltext änneren]
D'Feierläschdecken, déi selwer net richteg brenne kann, schneit de Sauerstoff vun deem Material of dat Feier gefaangen huet.
De Gebrauch[änneren | Quelltext änneren]
Läschdecke gi gebraucht bei:
- Fettbränn, bei deene Fett duerch Iwwertemperatur a Brand geroden ass. Den typesche Fall ass e Frittendëppen oder e Fondues-Dëppen.
- E Mënsch, deem seng Kleeder a Brand gerode sinn.