Léa et la théorie des systèmes complexes
| Léa et la théorie des systèmes complexes | |
|---|---|
| Buchstyp | Roman |
| Auteur | Ian De Toffoli |
| Ursprongsland | Frankräich |
| Erauskomm | 2025 |
| Sprooch | Franséisch |
|
| |
Léa et la théorie des systèmes complexes ass e Roman a franséischer Sprooch vum Ian De Toffoli aus dem Joer 2025, dee beim franséische Verlag Actes Sud-Papiers erauskoum.
2026 gouf e mam Servais-Präis ausgezeechent.
Ëm wat geet et am Roman?
[änneren | Quelltext änneren]Am Buch lafen zwee Handlungssträng zesummen: Op der enger Säit gëtt d'Geschicht vu Koch Industries erzielt; vum Charles Koch, deen am 19. Joerhonnert vun Holland an den Texas ausgewandert ass, bis zum haitege President, deem seng Firma Milliounen ausgëtt, fir d'Dekarboniséierung vun eiser Energie ze bekämpfen a weider Honnerte Millioune mat Produktioun, Transformatioun a Verkaf vu Pëtrolsprodukter mécht. Op der anerer Säit d'Léa, déi zu Lëtzebuerg opgewuess ass, an déi sech lues a lues an hirem Protest géint d'Klimakris radikaliséiert. Wéi se gewuer gëtt, datt Koch Industries eng Holding zu Lëtzebuerg huet, decidéiert se, en Zeechen ze setzen – mat fatale Suitten…[1]
Soss
[änneren | Quelltext änneren]Léa et la théorie des systèmes complexes war eng Commande vun de Stater Theateren, am Kader vum Pipelines Project vun der European Theatre Convention a vum Schauspielhaus Graz.[1]
Rezensiounen
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- De Toffoli, Ian: Léa et la théorie des systèmes complexes. Actes Sud-Papiers, Au singulier, 2025. ISBN 978-2-330-20072-5.
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 Léa et la théorie des systèmes complexes op iandetoffoli.com.
