Léiercher

Vu Wikipedia
Léierchen
Feldléierchen

Feldléierchen
Feldléierchen
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Spatzevullen
Famill: Léierchen
Wëssenschaftlechen Numm
Alaudidae
Vigors

D'Léiercher oder Léiweckelcher oder Léimännercher (Alaudidae) sinn eng aarteräich Famill an der Uerdnung vun de Spatzevullen (Passeriformes), Ënneruerdnung Sangvullen (Passeres). Et gëtt 92 Aarte vu Léiercher, wouvun d'Feldléierchen (Alauda arvensis) déi ass, déi an Europa am geleefegstent ass.

D'Léiercher si kleng bis mëttelgrouss Vullen, déi um Buedem liewen, a si sange meeschtens nëmmen, wa se fléien.

Um Buedem beweege se sech am Lafe weider, se sprangen net. Se bauen hiert Nascht um Buedem a leeën tëscht zwee a sechs getëppelt Eeër. Et sinn onopfälleg Vullen an d'Männercher ënnerscheede sech an de Plommen net vun de Weibercher.

Déi meescht Aarten hunn e schmuele Schniewel a se friesse Kären an Insekten.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Léiercher – Biller, Videoen oder Audiodateien