Léisbech (Baach)

Vu Wikipedia
D'Léisbech vun der Bréck vum CR105 gesinn, 150 Meter virun der Mëndung an d'Äisch

D'Léisbech ass eng lëtzebuergesch Baach an de Gemengen Habscht an Helperknapp.

Laf[änneren | Quelltext änneren]

Si huet hir Quell nordëstlech um Plateau vun Tënten um Flouer Bëcker, op enger Héicht vun 325 Meter. Se leeft vun do a südwestlecher Richtung duerch Tënten an no ronn 500 Meter nodeem se ënner der Sëllerstrooss erduercht ass fänkt se un an enger schmueler Griecht a Richtung Gräisch ze lafen. Op der Héicht vu Gräisch kënnt vu riets am Mäschpesch eng kleng Baach dobäi a gläich duerno vu lénks den Ieselbiirchen.

Nodeem se dann ënner dem CR112 erduerch ass, leeft se tëscht den Haiser vun der Uertschaft déi hiren Numm huet, an dann ënner dem CR105 erduerch, fir dann 150 Meter duerno op enger Héicht vun 251 Meter vu lénks an d'Äisch ze lafen.

D'Léisbech ass ronn 3 km laang.