Léiwebuer bei der Kathedral

Vu Wikipedia
Léiwebuer bei der Kathedral
Typ Sprangbuer,
Skulptur
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Uewerstad
Koordinaten 49°36'33,743"N, 6°7'52,097"O
Ageweit 1966
Material Granit, Sandsteen, Plättercher
Kënschtler Constant Gillardin, Mett Hoffmann

De Léiwebuer bei der Kathedral ass e Buer beim Parvis vun der Kathedral um Boulevard Roosevelt an der Stad, dee vum Staatsarchitekt Constant Gillardin entworf gouf.

De Buer gouf 1966, nom Reamenagement vun der Plaz virun der Kathedral an der deemoleger Nationalbibliothéik, am Kader vun den 300-Joer-Feierlechkeete vun der Oktav ageweit.

D'Waasser dat aus de Mailer vu fënnef Léiwekäpp eraussprëtzt, drëpst an en ovale Baseng aus schwaarzem Granit dee mat engem Keramik-Mosaik vum Mett Hoffmann dekoréiert ass.

D'Léiwekäpp waren ursprénglech Gargullen um Daach vum fréiere Jesuitte-Kolléisch, deen 1930 ofgerappt gouf. Wann een se vu méi no kuckt, erënnere s'un d'Gesiichter vu „wëlle Männer“[1].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Léiwebuer bei der Kathedral – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Quell vum Artikel: kuckt Isabelle Yegles Um Spaweck