Léon Le Calvez

Vu Wikipedia
Léon Le Calvez

De Léon Le Calvez, gebuer zu Moëlan-sur-Mer de 14. Mäerz 1909, a gestuerwen zu Créteil de 7. Juli 1995, war e franséische professionelle Vëlossportler.

1931 an 1933 war hie selectionnéiert, fir an der franséischer Vëlosekipp zesumme mam Antonin Magne an André Leducq den Tour de France ze fueren.

Hien hat 1932 de Critérium international gewonnen.

Vun 1952 bis 1956 war hien Direkter vun der Équipe de l'Ouest beim Tour de France, bei där ënner anerem de Jean Robic an de Jean Malléjac gefuer sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]