Léon Nosbusch

Vu Wikipedia
Léon Nosbusch
Gebuer 6. Oktober 1897
Pëtschent
Gestuerwen 23. Dezember 1979
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur
Aulebäcker-Skulptur vum Léon Nosbusch zu Nouspelt

De Léon Nosbusch, gebuer de 6. Oktober 1897 zu Pëtschent a gestuerwen den 23. Dezember 1979 zu Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Sculpteur a Moler.

Hie war den Direkter vun enger Parzeläinsfabréck zu Bréissel.

1929 krut hien de Prix Grand-Duc Adolphe.

Fir d'Weltausstellung 1937 zu Paräis huet hien, zesumme mat de Sculpteuren Aloyse Deitz, Ernest Grosber an Albert Kratzenberg, d'Skulpturaarbechte vum Relief Vue panoramique de la Ville de Luxembourg no enger Zeechnung vum Pierre Blanc op der Haaptfassad vum Lëtzebuerger Pavillon ausgefouert.[2],[3]

Vun 1946 bis 1975 huet hie fir de Comité Alstad op der Eemaische Konschtwierker aus Toun presentéiert, wéi z. B. Schësselcher, Figuren an Déieren.

1995 koum e lëtzebuergeschen 80-Frang-Timber mam Motiv vum Léon Nosbusch senger Aulebäcker-Skulptur eraus.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Léon Nosbusch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 3. Januar 1980
  2. Die Eröffnung des Luxemburger Pavillons auf der Pariser Ausstellung. Luxemburger Wort Nr 165 vum 14. Juni 1937 (Link)
  3. Mousset, Jean-Luc … [et al.]: Petit parmi les grands: Le Luxembourg aux Expositions universelles de Londres à Shanghai (1851-2010). Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art, 2010 (Publications du Musée national d'histoire et d'art Luxembourg 11), Ss. 208, 216.