Léon Roller

Vu Wikipedia
Léon Roller
Gebuer 5. Januar 1928
Lëtzebuerg
Gestuerwen 19. November 1993
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sportler

De Léon Roller, gebuer de 5. Januar 1928 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 19. November 1993, war e lëtzebuergesche Boxer.[1]

De Léon Roller, Member vum Central Boxing Club Luxembourg,(Training an der salle d'armes vun der Spora) war zweemol lëtzebuergesche Landesmeeschter am Boxen.

Ënner der Leedung vu sengem Trainer Gusty Laurent huet hien un den Olympesche Spiller 1948 zu London deelgeholl.

Zu dem Zäitpunkt hat hien 38 Boxmatcher hanner sech, dovun hat hien der 30 gewonnen, 5 verluer, an 3 Match null. Am Boxteam vu Lëtzebuerg waren, nieft dem Léon Roller, de Roger Behm (Bantamgewiicht), de Franz Ehringer (Liichtgewiicht) an de Jeannot Welter (Mëttelgewiicht). De Léon Roller ass beim Boxconcours am Weltergewiicht (ënner 67 kg), bei deem 26 Boxer aus 26 Natioune matgemaach hunn, ugetrueden. An der éischter Ronn vum Boxconcours gouf hien eliminéiert, nodeem hie säi Match géint den Australier W. Boyce knapps no Punkte verluer hat. 1949 huet hien um Championnat Interalliés Militaire an Holland, Gravenhage deelgeholl an d'Bronzemedail do gewonnen.

Duerno huet hien als Profi bis 1954 virugeboxt. Säi leschte Boxmatch war zou Ostende wou hien no Punkte géint de Rudel gewonnen huet.

An den 1960er Joren huet hien de Ray Philippe trainéiert, deen 1965 fir den Titel vum Europameeschter am Superweltergewiicht geboxt huet.

Duerno huet de Léon dem Boxsport definitiv de Réck gedréint.

Hien ass 1993 am Alter vu 64 Joer gestuerwen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Léon Roller op der Websäit sports-reference.com