Léonie Lamesch

Vu Wikipedia
Léonie Lamesch
Ass en(g) fiktive Mënsch
Geschlecht weiblech
Aktivitéit Sekretär
Universum
Present am Superjhemp

D'Léonie Lamesch oder Joffer Lamesch genannt, ass eng Lëtzebuerger Comicfigur aus der Serie Superjhemp, déi vum Lucien Czuga geschriwwen a vum Roger Leiner gezeechent gouf.

D'Joffer Lamesch ass d'Sekretärin vum Charel Kuddel beim Ministère fir Ongeléiste Problemer, Service vun den hoffnungslose Fäll.

D'Léonie ass zu All Zéng am Réiserbann op d'Welt komm. Si ass an de Meedercherslycée um Lompebierg gaangen a war duerno an der Ecole Petitjean fir Sekretariat ze léieren. Se gouf du Sekretärin beim Charel Kuddel. Si trëtt meeschtens op mat engem Koup Dossieren ënner dem Aarm. Am Band Aktioun Réiserbunny ass si plakeg duerch de Réiserbann gelaf, an ass vun do un dem Inspekter Schrobiltgen säi Fantassem. De Superjhemp huet hir en ettlechmol d'Liewe gerett, awer si huet ni erausfonnt datt hien de Charel Kuddel ass.

Si deet sech gär flott un, geet vill an de Kino a wa se soss näischt ze dinn huet geet se an de Gerénge Wald joggen.

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

Et gouf eng Sekretärin déi an enger Staatsverwaltung geschafft huet an do als Joffer Lamesch bekannt war. Déi hat gemengt sech an deem Personnage erëmzëerkennen. Si huet sech beleidegt gefillt an hat dofir d'Auteure vum Superjhemp op d'Geriicht geholl. Wéi se schliisslech agesinn huet datt se sech domat nëmme géif lächerlech maachen huet se hir Plainte zeréckgezunn[1].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Leiner, R., & Czuga, Lucien. (2008). Luxusbuerger Lexikon : De Superjhemp vun A-Z. Lëtzebuerg: Éd. Revue.