Op den Inhalt sprangen

Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (N)

Vu Wikipedia

Dëst ass eng Lëscht vun de Monumenter, déi zu Lëtzebuerg un den Zweete Weltkrich erënneren.

Bis ewell goufen am Ganze 544 sou Monumenter repertoriéiert.

78 % vun alle Monumenter erënneren u lëtzebuergesch Krichsaffer. Vun 1945 bis an d'1970er goufe praktesch an all Gemeng sou Monumenter, meeschtens no bei der Kierch oder dem Kierfecht, opgeriicht. Et gouf an deene meeschte Fäll keen Ënnerscheed gemaach tëscht Zivilaffer, Zwangsrekrutéiert, déi an däitscher Uniform op der Front gefall sinn, Refractairen, oder Resistenzler.

1994/95, fir de 50. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv, sinn eng Rëtsch Monumenter derbäikomm. Well et där och an der Belsch an eventuell an Däitschland gëtt, a fir se méi séier ze fannen, gëtt et dofir eng Lëscht iwwer Monumenter vun der Ardennenoffensiv. All Monument am Zesummenhank mat der Ardennenoffensiv soll deemno och an där Lëscht agedroe ginn.

Monumenter fir déi alliéiert Zaldote spigelen d'Krichsgeschéien erëm: Sou si Monumenter fir franséisch Zaldoten, dorënner och algeeresch a marokkanesch Spahis, laanscht d'franséisch Grenz ze fannen, wärend déi fir amerikanescher virun allem am Osten an am Norde vum Land, dacks op der Plaz vu Kämpf wärend der Ardennenoffensiv, opgeriicht goufen.

Well eng eenzeg Lëscht ze grouss wier gouf s'alphabetesch den Uertschaften no opgedeelt. D'Navigatiounsläischt hei drënner leet Iech weider op d'Deellëschten.

A - B - C - D - E - F - G - H - I - J - K - L - M - N - O - P - R - S - T - U - V - W - Z
Numm Plaz Uertschaft Ageweit Koordinaten Bild
Monument aux mortsKierfecht bei der KierchNäerden198449° 74’ 07.52’’ N
       92’ 35.88’’ O
US-MonumentKierfecht bei der Kierch nieft dem Monument aux mortsNäerden199549° 74’ 07.52’’ N
       92’ 35.88’’ O
Monument op der ScoutekapellScoutekapell NeihaischenNeihaischen195249° 37’ 21.32’’ N
       14’ 45.95’’ O
US-Monument fir déi 4. US-InfantriedivisiounAn der Sortie vum Parking um FluchhafenNidderaanwen49° 38’ 10.30’’ N
       13’ 2.19’’ O
Monument aux mortsNieft der Kierch um KierfechtNidderdonwen49° 37’ 56.4’’ N
      06° 24’ 07.2’’ O
To the everlasting Honor and Glory of the soldiers of the 1st Battalion, 319th Infantry Regiment, 80th Infantry Division, Third U.S. ArmyBei der GemengNidderfeelen29. Oktober 198349° 51’ 13.69’’ N
      06° 02’ 44.2’’ O
Erënnerungsplack fir Zwangsrekrutéiert NidderkäerjengEck Rue du Bois an Avenue de LuxembourgNidderkäerjeng198949° 33’ 54.12’’ N
      05° 54’ 25.74’’ O
Monument aux mortsrue de l'ÉgliseNidderkäerjeng195249° 34’ 05.86’’ N
      05° 54’ 27.28’’ O
Erënnerungsplack fir 9 gefale SpahisBei der Käerjenger GareNidderkäerjeng49° 33’ 26.86’’ N
      05° 55’ 27.54’’ O
Monument aux mortsAvenue de la Liberté, och Denkmal Hondsbësch genannt. Hei ginn awer net déi iwwerliewend Refractairen, mä déi doudeg Helde geéiert.Nidderkuer22. September 194649° 31’ 58.40’’ N
      05° 53’ 28,1’’ O
Monument HondsbëschAvenue de la Liberté, hanner dem Monument aux morts. Et handelt sech hei eigentlech ëm eng Weekapell, déi a Form vun engem Grouwenagang ugeluecht gouf. Hei gëtt un déi 122 Refractairen erënnert, déi an der Minière verstoppt waren.Nidderkuer49° 31’ 58.40’’ N
      05° 53’ 27.50’’ O
Monument aux morts:
Weltkre'ch 1940 - 1945
Hirt Affer war nek emsoss: In memoriam:
+ 8 Nimm
Mortuorum pro patria
Nieft der KierchNidderwampech194750° 00’ 39.8’’ N
      05° 50’ 32.2’’ O
Monument aux morts:
Aux Morts de la Guerre
1940 - 1945
+ 8 Nimm
Bei der KierchNoutem49° 56’ 30.1’’ N
       52’ 48.5’’ E
National Liberation MemorialSchumanns Eck
(d'Monument selwer steet um Territoire vun der Gemeng Wolz)
Noutem49° 56’ 47.8’’ N
       52’ 51.9’’ E

Um Spaweck

[Quelltext änneren]
 Commons: WWII-Monumenter zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]