Lëscht vun de Supermarchéschaînen zu Lëtzebuerg
Ausgesinn
Dës Lëscht vu Supermarchéschaînen zu Lëtzebuerg ass en Deel vun de Referenztabellen.
Aktiv Supermarchéschaînen
[änneren | Quelltext änneren]| Numm | Ursprongsland | Startjoer[1] | Zuel Filialen |
Bemierkung |
|---|---|---|---|---|
| Alavita | 2018 | 4 (2025) | Alavita ass eng Bio-Supermarchéschaîne, déi 2018 vum Anne Harles gegrënnt gouf. | |
| Aldi | 1991 | 18 (2025)[2] | Den éischten Aldi zu Lëtzebuerg huet den 19. Dezember 1991 seng Dieren zu Diddeleng opgemaach.[3] | |
| Auchan | 1996 | 18 (2023) | Mam Akafszentrum um Stater Kierchbierg ass 1996 den éischten Auchan zu Lëtzebuerg opgaangen. 2023 war Auchan mat zwee Hypermarchéen, engem Supermarché a 15 kleng Butteker "MyAuchan" op Tankstellen zu Lëtzebuerg present.[4] | |
| Bio-Planet | 2024 | 1 (2024) | Am Februar 2024 huet den éischte Bio-Planet seng Dieren nieft dem Colruyt op der Cloche d'or opgemaach. Et gëtt nëmmen eng Filial zu Lëtzebuerg, mee Bio-Planet ass eng belsch Supermarchésketten a gehéiert dem selwechte Grupp wéi Colruyt.[5] | |
| Cactus | 1967 | 67 (2023) | Den éischte Cactus-Supermarché gouf 1967 zu Bäreldeng opgemaach. Cactus war 2023 mat 67 Verkafsplazen déi gréisst Supermarchésketten am Land.[4] | |
| Carrefour | 1999 oder 2000 | 3 (2023)[4] | Carrefour Belgique huet 2014 en éischte Carrefour Express an der Aler Avenue an der Stad Lëtzebuerg opgemaach. 15 Joer virdru gouf schonn e Carrefour Market zu Maarnech opgemaach.[6],[7] | |
| Colruyt | 2008 | 5 (2024)[8] | Den éischte Colruyt war deen zu Miersch. Zum selwechte Grupp zielt och d'Kette Bio-Planet.[9] | |
| Delhaize | 1922 | 60 (2024)[10] | Kuerz éier d'Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun am Dezember 1922 a Kraaft getrueden ass hunn déi belsch "Établissements Delhaize frères et Cie" de Supermarché Le lion" an der Stad Lëtzebuerg opgemaach.[11],[12] Zu Lëtzebuerg schaffe si och ënnert dem Numm "Delhaize Proxy" an "Delhaize Shop&Go". | |
| E.Leclerc | 2023 | 27 (2023)[4] | D'franséisch Chaîne huet sech 2023 zu Lëtzebuerg etabléiert, andeems si déi lëtzebuergesch Aktivitéite vun de belsche Ketten Cora (2 Filialen), Match (12 Filialen) a Smatch (13 Filialen) iwwerholl huet.[13],[14] | |
| Grand Frais | 2020 | 3 (2025) | Nodeems 2020 en éischte Grand Frais zu Contern seng Dieren opgemaach huet, koumen dräi Joer méi spéit zwéi weiderer zu Miersch an zu Wickreng dobäi.[15] | |
| Lidl | 2001 | 13 (2021)[16] | Den éischte Lidl gouf 2001 zu Déifferdéng ageweit.[17] | |
| Monoprix | 2014 | 5 (2025) | Den éischte Monoprix ass am Februar 2014 op der Garer Quartier an der Stad Lëtzebuerg opgaangen.[18] | |
| Naturalia | 2017 | 2 (2025) | De Bio-Supermarché, deen zum selwechte Grupp wéi de Monoprix gehéiert, huet sech 2018 mat enger éischter Filial an der Rue Joseph-Junck am Stater Garer Quartier néiergelooss, éier eng zweete Fillial zwee Joer drop an der Philippsgaass opgemaach gouf.[19],[20] | |
| Naturata | 1989 | 10 (2025) | Den Naturata am Rollengergronn an der Stad Lëtzebuerg gouf 1989 als Verkafsplaz vun der Bio-Bauere-Genossenschaft Lëtzebuerg (BIOG) gegrënnt.[21],[22] | |
| Pall | 1982 | 6 (2025) | De Pallcenter gouf 1982 zu Uewerpallen opgemaach.[23] Duerno gouf op verschiddenen anere Plazen am Land weider Supermarchéë mam Numm "Pall" opgemaach. | |
| Primavera | 1974 | 4 (2025) | Primavera gouf 1974 als kleng portugisesch Epicerie an der Stater Joseph-Junck-Strooss gegrënnt.[24],[25] | |
| Rewe | 2017 | 1 (2025) | Rewe ass eng däitsch Chaîne, vun där et just eng Filial am Nonnemillen-Center zu Iechternach gëtt. Si leeft ënnert dem Numm "REWE:XL Hundertmark" als Franchise.[26] |
Fréier Supermarchéschaînen
[änneren | Quelltext änneren]| Numm | Ursprongsland | Startjoer[1] | Schlussjoer[27] | Bemierkung |
|---|---|---|---|---|
| Alima | 1951 | 2025 | D'Chaîne war just an der Stad Lëtzebuerg aktiv an hat zu hire beschten Zäite véier Filialen. | |
| Big Star | ≈1975 | ≈2005 | Chaîne vun 3 Supermarchéen zu Beggen, Esch-Uelzecht a Péiteng | |
| Cora | 2002 | 2024 | Cora huet genee wéi d'Kette Match a Smatch zum belsche Grupp Louis Delhaize gezielt, dee seng Aktivitéiten zu Lëtzebuerg 2023 un de franséische Grupp E.Leclerc verkaaft huet. Den Hypermarché Cora zu Féiz gouf 2002 ageweit, deen am Akafszentrum City Concorde am huet e puer Joer méi spéit de grousse Match ersat.[28] Zum Schluss hate si ronn 470 Beschäftegter.[13],[14],[29] | |
| Match | 1974 | 2023 | Match huet genee wéi d'Kette Smatch a Cora zum belsche Grupp Louis Delhaize gezielt, dee seng Aktivitéiten zu Lëtzebuerg 2023 un de franséische Grupp E.Leclerc verkaaft huet. Zum Schluss gouf et zwielef Match-Filialen.[13],[14],[30] Den éischte Match zu Lëtzebuerg gouf 1974 am Akafszentrum City Concorde ageweit.[31] | |
| Smatch | ? | 2023 | Smatch huet genee wéi d'Kette Match a Cora zum belsche Grupp Louis Delhaize gezielt, dee seng Aktivitéiten zu Lëtzebuerg 2023 un de franséische Grupp E.Leclerc verkaaft huet. Zum Schluss gouf et dräizéng Smatch-Filialen.[13],[14],[30] Smatch-Butteker hunn no 2001 déi fréier Profi-Butteker iwwerholl.[32] | |
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 Joer, an deem d'Aktivitéit zu Lëtzebuerg ugefaangen huet.
- ↑ ALDI-Filialen und Öffnungszeiten op aldi.lu (nogekuckt:22.101.2025).
- ↑ paperjam.lu: Déjà 30 ans au Grand-Duché! Bon anniversaire ALDI Luxembourg (3. Dezember 2021)
- 1 2 3 4 paperjam.lu: E.Leclerc, déjà n°3 derrière Cactus et Delhaize vum Catherine Kurzawa (24. Juli 2023)
- ↑ paperjam.lu: Bio-Planet, l’enseigne bio de Colruyt Group, s’attaque au Luxembourg vum Pierre Théobald (20. Februar 2024)
- ↑ paperjam.lu: Carrefour cherche à s’étendre au Luxembourg vum Jean-Michel Lalieu (1. Abrëll 2015)
- ↑ gondola.be: Le premier Carrefour Express à Luxembourg ville (29. Oktober 2014)
- ↑ paperjam.lu: Le bénéfice de Colruyt s’établit à plus d’un milliard. vum Rebeca Suay (31.07.2024)
- ↑ paperjam.lu: Un 6e Colruyt au Luxembourg avant Bio-Planet vum Catherine Kurzawa (4. Oktober 2022)
- ↑ (fr) Delhaize continue à densifier sa présence au Grand-Duché du Luxembourg et fête son 60ème magasin avec le Proxy Bettborn. delhaize.be (16 Juni 2024). Gekuckt den 22. Januar 2025.
- ↑ delhaize.be: Delhaize célèbre ses 100 ans de proximité avec les Luxembourgeois (21. Abrëll 2022)
- ↑ chronicle.lu: Interview: Cédric Gonnet on 100 Years of Delhaize in Luxembourg (12. Juli 2022)
- 1 2 3 4 retaildetail.be: Louis Delhaize quitte également le Luxembourg vum Maarten Reul (24. Juli 2023)
- 1 2 3 4 wort.lu: Cora, Match und Smatch gehören jetzt zu E.Leclerc vum Uwe Hentschel (17. November 2023)
- ↑ paperjam.lu: Grand Frais ouvre deux nouveaux magasins au Luxembourg vum Catherine Kurzawa (7. November 2022)
- ↑ (fr) Julien Carette, Aldi-Lidl: faut-il faire ses courses au Luxembourg, en France ou en Belgique?. virgule.lu. Gekuckt den 22. Januar 2025.
- ↑ tageblatt.lu: Supermärkte: Seit 20 Jahren in Luxemburg – Lidl feiert Geburtstag vum Christian Muller (1. Oktober 2021)
- ↑ wort.lu: Startschuss für Monoprix in drei Wochen (3. Februar 2014)
- ↑ paperjam.lu: Un Naturalia et un Monop’ à la gare en septembre vum Céline Coubray (13. Juli 2017)
- ↑
- Un deuxième point de vente Naturalia à Luxembourg vum Jean-Michel Lalieu (24. September 2019)
- ↑ paperjam.lu: Les Naturata Bio Marchés, garants du 100% bio vum Naturata (27. Oktober 2023)
- ↑ naturata.lu: Über uns (nogekuckt den 21. Januar 2025)
- ↑ pallcenter.lu: L'esprit Pall (nogekuckt den 21. Januar 2025)
- ↑ virgule.lu: Rui Manuel, le patron des supermarchés Primavera, souhaite se lancer dans une nouvelle formule vum Tiago Rodrigues (16. Abrëll 2024)
- ↑ contacto.lu: Primavera vai abrir centro comercial em Gasperich (18. September 2013)
- ↑ gondola.be: Rewe se lance à l’assaut du Luxembourg (24. August 2017)
- ↑ Joer, an deem d'Aktivitéit zu Lëtzebuerg opgehalen huet.
- ↑ paperjam.lu: Trois hypers et un marché vum Vincent Ruck (9. Juli 2002)
- ↑ virgule.lu: Le Cora Concorde est le premier à passer sous l’enseigne E. Leclerc vum Mélodie Mouzon (13. Mäerz 2024)
- 1 2 virgule.lu: Après Cora, Match entame à son tour la bascule vers Leclerc vum Christophe Lemaire (23. Mäerz 2024)
- ↑ paperjam.lu: Commerce : Belle de Match à Capellen vum Alain Ducat (24. Mäerz 2006)
- ↑ lalibre.be: Match: le retour vum Sandrine Vandendooren (28. September 2001)