Lëscht vun de Weekräizer zu Lëtzebuerg/D
Ausgesinn
Dës Säit ass Deel vun der Lëscht vun de Weekräizer zu Lëtzebuerg.
Op hir stinn d'Weekräizer an den Uerschaften, déi mam Buschtaf D ufänken.
Déi aner Uertschafte sinn op eegenen Ënneräiten zu all Ufanksbuschtaf ze fannen.
| Index A B C D E F G H I J K L M N O P Q R S T U V W X Y Z |
| Uertschaft | Gemeng | Joer | Plaz | Koordinaten | Bild 1 | Bild 2 | Bemierkungen |
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Déierbech | Wëntger | Um CR329B beim Waassertuerm, ronn 350 m südlech vum Duerf | 50° 00’ 21.7’’ N 05° 53’ 05.0’’ O | (keng Opschrëft) | |||
| Dickweiler | Rouspert-Mompech | 1727 | Um CR372 Richtung Rouspert, ca 220 m aus der Uertschaft | 49° 47’ 11.2’’ N 06° 28’ 36.6’’ O | Opschrëft: IOAN WEBER 1727[1] | ||
| Dickweiler | Rouspert-Mompech | 1831 | Kräizung vum CR372 mam CR370 | 49° 47’ 5.7’’ N 06° 28’ 29.1’’ O | Opschrëft: 1831 PITER NICOLAI MARIA MEIDORF[2] | ||
| Dickweiler | Rouspert-Mompech | 1850 | rue Principale, net wäit vun der Kräizung vum CR372 mam CR370 | 49° 47’ 4.9’’ N 06° 28’ 28.2’’ O | Opschrëft: 1850[3] | ||
| Dickweiler | Rouspert-Mompech | um CR370, zirka an der Mëtt tëscht Giischt an Dickweiler | 49° 46’ 51.3’’ N 06° 29’ 12.7’’ O | Steet no bei enger Quell. Et ass den ënneschten Deel vun engem Weekräiz, vun deem d'Kräiz ofgebrach oder ofgerascht ass. Uewen um Stee sinn nach Iwwerreschter dovun ze gesinn. | |||
| Dikrech | Dikrech | an der Fassad vun der aler Laurentius-Kierch zu Dikrech | 49° 52’ 8.7’’ N 6° 09’ 40.7’’ O | ||||
| Dikrech | Dikrech | 1824 | nordwestlech vum Härebierg, op der Grenz mat der Gemeng Tandel | 49° 53’ 1.5’’ N 6° 9’ 20.5’’ O | Weekräiz Mathias Schergen, och Baastenduerfer Kräiz genannt (Croix de Bastendorf op fréieren topographesche Kaarten) | ||
| Dol | Géisdref | No beim Monument aux Morts et aux soldats de la 80th US Infantry Division | 49° 56’ 20.34’’ N 5° 58’ 21.09’’ O | ||||
| Dol | Géisdref | Op der Heckt, hanner dem Kierfecht | 49° 56’ 08.09’’ N 5° 58’ 20’’ O | ||||
| Dol | Géisdref | Beim Haus 33, An der Duerfstrooss (CR321A) | 49° 56’ 04.18’’ N 5° 58’ 29.07’’ O | ||||
| Dräibuer | Wuermer | 1883 | Um CR146 an der Sortie vun Dräibuer, Direktioun Lenneng, op der Kräizung mam CR122A | 49° 37’ 05.6’’ N 6° 23’ 26.7’’ O | D'Kräiz geet op en Accident zeréck, duerch dat am Wanter en ale Mann um Heemwee hei erfruer ass. 1883 gouf vun de Bridder Sadler vu Wuermer en Ersatzkräiz opgeriicht mat der Opschrëft: Ich finde keine Schuld an ihm. Et gouf awer spéider staark beschiedegt an da komplett zerstéiert. D'Gemeng huet amplaz en aalt Kierfechtskräiz hei opriichte gelooss. De Sockel ass nach dee vun 1883.[4] | ||
| Dräibuer | Wuermer | 1966 | Laanscht de Wee bei enger Bänk am Wuermer Bësch (Weierbësch) | 49° 38’ 03.9’’ N 6° 22’ 22.6’’ O | D'hëlze Kräiz gouf vum Fierschter J.P. Bisdorff (†1873) opgestallt op där Plaz wou eng Fra, déi hirem Mann d'Mëttesiesse brenge wollt, vun engem Bam erschloe gouf, dee grad vun de Bëschaarbechter geschloe gouf. D'Kräiz gouf 1933 vum C. Hartmann duerch en neit ersat an 1966 duerch e Kräiz vum Schräiner A. Dangelmaier dat bis haut existéiert.[4] | ||
| Draufelt | Klierf | Nieft dem CR326 um Bord vum Bësch | 50° 00’ 57.02’’ N 06° 00’ 34.45’’ O | ||||
| Draufelt | Klierf | Nieft dem CR326C bei der Ofzweigung vun engem Feldwee | 50° 01’ 00.8’’ N 06° 00’ 32.08’’ O | Opschrëft onlieserlech | |||
| Drénkelt | Ëlwen | 1872 | Eck Ëlwenterstrooss an Duarrefweeg | 50° 08’ 02.90’’ N 06° 00’ 54.80’’ O | ERRICHTET VON MICHEL BÄSCH VON DRINKELT IM JAHR 1872 | ||
| Drénkelt | Ëlwen | 1872 | Duarrefweeg An der hënneschter Wand vun der Weekapell agebaut | 50° 08’ 00.80’’ N 06° 00’ 57.50’’ O | ERRICHTET VON DEN BEWOHNER VON DRINKELT IM JAHR 1872 | ||
| Duelem bei Réimech | Duelem | an der Kierch | 49° 32’ 29.4’’ N 06° 15’ 35.6’’ O | ||||
| Duelem bei Réimech | Duelem | Op der N13 | 49° 32’ 20.5’’ N 06° 15’ 42.8’’ O | ||||
| Dummeldeng | Lëtzebuerg | 1830 | Raspert, bei der Eisebunnsënnerféierung vis-à-vis vum Haus 31 | 49° 37’ 44.7’’ N 06° 08’ 05.2’’ O | D'Kräiz feelt (Mäerz 2020)
Et war dat eenzegt Weekräiz an der Stad ouni Figuren. |
























