Op den Inhalt sprangen

Lëscht vun de Weekräizer zu Lëtzebuerg/E

Vu Wikipedia

Dës Säit ass Deel vun der Lëscht vun de Weekräizer zu Lëtzebuerg.

Op hir stinn d'Weekräizer an den Uerschaften, déi mam Buschtaf E ufänken.

Déi aner Uertschafte sinn op eegenen Ënneräiten zu all Ufanksbuschtaf ze fannen.

Index A B C D E F G H I J K L M N O P Q R S T U V W X Y Z
Uertschaft Gemeng Joer Plaz Koordinaten Bild 1 Bild 2 Bemierkungen
EechelbuerNoumerKräizung vum CR119 bei Eechelbuer mam Vizinalwee op Miedernach49° 48’ 21.2’’ N
       11’ 12.3’’ O
EeschwellerJonglënster1862Kräizung rue du Village - rue de Gonderange49° 43’ 04.44’’ N
      06° 18’ 29.38’’ O
Opschrëft um Sockel: Errichtet durch Mathias Kinnen und seiner Gattin Maria Dondelinger im Jahre 1862[1]. (D'Hochzäit vum M. Kinnen an der M. Dondelinger war am Joer 1845 an der Gemeng Roudemer)
ÉilengReckeng op der Mess1624Kräizung rue du Centre - rue de Roedgen49° 32’ 53.7’’ N
       00’ 59.7’’ O
D'Weekräiz gouf 1932 an d'Säitewand vun einer Kapell agebaut, déi bei der alljäerlecher Prësessioun gebraucht gouf. Doduerch kann een nëmme méi eng Säit vum Kräiz gesinn dat awer béidsäiteg sculptéiert ass[2].
ÉilengReckeng op der Mess2, rue du Centre49° 32’ 49.3’’ N
       00’ 58.6’’ O
ÉimerengSchengenKräizung:
rue de Mondorf - rue d'Elvange
49° 29’ 14.0’’ N
       17’ 26.2’’ O
D'Weekräiz ass dat éischt Kräiz vun engem Kräizwee mat ursprénglech 7 Kräizer, déi vum Peter Engeldinger opgeriicht goufen, tëscht Éimereng an Elveng. De Kräizwee gouf 1874 vum Paschtouer Johann Baptist Speyer am Parregëster ernimmt.[3]
ÉimerengSchengenKräizung:
CR150 - CR152 tëscht Éimereng an Elveng
49° 29’ 38.3’’ N
       17’ 58.2’’ O
Dëst Weekräiz ass en Deel vun engem Kräizwee mat ursprénglech 7 Kräizer, déi vum Peter Engeldinger opgeriicht goufen, tëscht Éimereng an Elveng.[3]
ÉinenWuermer1744Kräizung:
Casinogaass - rue Nicolas Hein
49° 36’ 5.3’’ N
      06° 23’ 14.5’’ O
Fréier stoung d'Kräiz fräi virum Haus. Bei engem Ëmbau vum Haus 1884 (eng aner Quell seet 1864) gouf et an d'Fassad integréiert.[4][5]
ÉinenWuermer1647Gaardemauer laanscht d'Wäistrooss (N10)49° 36’ 1.1’’ N
       23’ 5.9’’ O
Et schéngt sech bei dësem Weekräiz ëm e Peschtkräiz ze handelen, dat an d'Gaardemauer agebaut gouf, nëmmen d'Kappstéck steet iwwer d'Mauer eraus. Ënner der Joreszuel 1647 stinn d'Initialie B.M., déi haut kaum nach ze gesi sinn, a vun denen och net gewosst ass, wat se ze bedeiten hunn.[4][5]
ÉinenWuermer1736am Neie Wee (CR134) an der Mauer laanscht e Wéngert "Am Aker"49° 36’ 4.1’’ N
       23’ 19.4’’ O
D'Kappstéck vun engem Weekräiz aus dem Joer 1736 ass an d'Mauer agebaut. D'Joreszuel ass haut kaum nach ze liesen[4][6]
ÉinenWuermeram Stach, resp. Huelgaass49° 36’ 3.5’’ N
       22’ 57.8’’ O
Um Wee an d'Wéngerten a Richtung Greiweldeng. Et soll un en Accident bei der Drauwelies an der Mëtt vum 18. Joerhonnert erënneren a gouf schonn e puermol ersat (1760, 1802, 1864, 1960er Joren, a méi rezent nach)[4][7]
ÉiterConter18361 rue du Pont49° 35’ 54.3’’ N
      06° 15’ 31.5’’ O
EllEll1729Kräizung:
Kazeneck-Nojemerstrooss
49° 45’ 51.19’’ N
      05° 51’ 21.02’’ O
EllengMunneref1681Um Kierfecht vun Elleng49° 31’ 09.3’’ N
      06° 17’ 54.8’’ O
Opschrëft op der Sail:
P. Sonntag Anno 1681[8].
Et steet op der hënneschter Kierfechtsmauer tëscht der Heck.
EllengMunneref1681Um Kierfecht vun Elleng49° 31’ 09.6’’ N
      06° 17’ 56.3’’ O
Et steet an der Mauer ronderëm de Kierfecht mat der viischter Säit zur Strooss gedréit
EllengMunneref1812An der Kapell um Kierfecht vun Elleng49° 31’ 09.6’’ N
      06° 17’ 56.3’’ O
D'"Néckelskräiz", den 8. Abrëll 1812 vum Mathias Diderrich opgeriicht. Eng Kopie dovu steet op der Kräizung op der Ellenger Gare.[8]
EllengMunneref1842An der Kapell um Kierfecht vun Elleng49° 31’ 09.6’’ N
      06° 17’ 56.3’’ O
"Kierchekräiz" oder och "Schonskräiz" genannt.
Opschrëft um Kappstéck: 4. Station 1842
Opschrëft op der Sail: Allen Christen zur idigen Betrachtung MDCCCXXXXII...
Opschrëft um Sockel: Dieses Kreutz hat aufgerichtet Michel Schons von Ellingen im Jahr 1842[8]
EllengMunneref1827An der Kapell um Kierfecht vun Elleng49° 31’ 09.6’’ N
      06° 17’ 56.3’’ O
EllengMunnerefKräizung:
route de Mondorf - CR162
49° 31’ 07.8’’ N
      06° 17’ 30.5’’ O
Et ass eng Kopie vum Kierchekräiz (Schonskräiz) dat am Original an der Kierfechtskapell steet.[8]
EllengMunnerefKräizung:
rue de l'eau - CR162
49° 31’ 05.1’’ N
      06° 17’ 51.4’’ O
Vun der Famill Ronk opgeriicht, déi spéider an d'USA ausgewandert ass.[9]
Ellenger GareMunnerefKräizung:N16 - CR16249° 30’ 55.9’’ N
      06° 18’ 22.7’’ O
Et ass eng Kopie vum Néckelskräiz dat am Original an der Kierfechtskapell steet.[8]
ElvengSchengen1850rue d'Ellange49° 30’ 28.6’’ N
       18’ 52.2’’ O
Toubeskräiz, mat der Opschrëft: 1850 - I.S. - IHS (In Honore Suo = Zu Seiner Ehre), gouf vum Iohannes Sand (= I.S.) vun Elveng opstelle gelooss.[10]
ElvengSchengenrue d'Ellange49° 30’ 28.4’’ N
      06° 18’ 52.1’’ O
ElvengSchengen1835Kräizung:
rue d'Ellange - rue d'Emerange
49° 30’ 20.1’’ N
      06° 18’ 57.4’’ O
Biréngerkräiz oder Schmattskräiz, vum Nikolaus Krier-Wiltzius opstelle gelooss wéinst engem Gelübde aus der Zäit vun den napoleonesche Kricher.[10]
ElvengSchengenKräizung:
rue de Burmerange - rue d'Emerange
49° 30’ 09.3’’ N
      06° 18’ 46.5’’ O
ElvengSchengen1803Kräizung:
rue de Mondorf - rue d'Emerange
49° 30’ 15.9’’ N
      06° 18’ 49.8’’ O
ElvengSchengenrue de Mondorf49° 30’ 17.9’’ N
      06° 18’ 45.0’’ O
an der lénkser Saitewand vun enger Weekapell agebaut
Esch-SauerEsch-Sauer1726rue de la Poste, Eck rue de l'Église49° 54’ 39.1’’ N
       56’ 6.4’’ O
Opschrëft um Scheieschkräiz: MICH / HAT / AVFGERICHT / IOES HENRICH / GVTKAES AL (=Alias) / KAECKER MIT / SEINER EHEFRAV / SVSANNA
Op der Sail ass e Relief vum hl. Johannes, d'Bild um Kappstéck weist wéi de Jesus säin Numm kritt a beschnidde gëtt. D'Kräiz gouf 1963 restauréiert.[11]
Esch-SauerEsch-Sauer1636Eck Bréckegaass a Millewee, géigeniwwer vun der Bréck49° 54’ 41.9’’ N
       56’ 1.5’’ O
Peschtkräiz oder Nekelskräiz. Deemools ass bal d'ganz Uertschaft un der Pescht gestuerwen. Déi iwwerliewend 5 Haushalter hunn en hëlzent Kruzifix un e Birebam bei de Griewer gehaangen. E spéidere Besëtzer vum Griewergaart, Nekels genannt, huet virum Bam eng Kapellchen opgeriicht an d'Kräiz dra gehaangen. Wärend der Ardennenoffensiv gouf d'Kapellche staark beschiedegt an duerch e gemauerten Altor mat iwwerdaachter Réckwand ersat, deen 1951 kierchlech geseent gouf.[11]
Esch-UelzechtEsch-Uelzecht1756rue de Mondercange,
bei der Kierch
49° 30’ 26.6’’ N
      05° 59’ 18.6’’ O
D'"Lallengerkräiz" gouf vum Johannes Arendt (Initialen IA um Weekräiz) zu Lalleng opgeriicht, dat deemools nëmmen aus e puer Gebaier bestan huet. Zanter 1956 stoung et am Park vum ale Berwarts-Schlass. 2003 huet d'ARBED et der Par Lalleng geschenkt an et gouf bei der Lallenger Kierch opgestallt.[12][13]
EschduerfEsch-Sauer1795Um CR314 tëschent Eschduerf a Mëtscheed49° 52’ 37.8’’ N
      05° 57’ 21.3’’ O
AD MDCCXCV DIE XIII JANUARII TEMPORE NOCTIS INTER ESCHDORF ET MERSCHEID E VIVIS EXCESSIT R.D. SCHAACK JP. EXINDE TEMPORE NEBULOSO NECNON GRAVISSIMO VIGENTE UBIQUE BELLO
EschduerfEsch-SauerAn der Gaass vis-a-vis vun der Kierch49° 53’ 07.31’’ N
      05° 56’ 07.27’’ O
EttelbréckEttelbréck20, rue des Alliés49° 50’ 30.8’’ N
       5’ 55.3’’ O
EttelbréckEttelbréck1741Grand-Rue, virum Pensionnat Ste. Anne49° 50’ 50.5’’ N
       6’ 08.2’’ O
Opschrëft ënnen op der Sail:
CRVCIFIXVM / ADORA / VIATOR
Opschrëft um Sockel:
DOMINICUS / MANDERSCHEIT[14]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band I, S. 96
  2. N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band III, S. 69
  3. 1 2 N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band I, S.57-60
  4. 1 2 3 4 N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band II, S.97
  5. 1 2 Weekräizer aus éiser Géigend S.38
  6. Weekräizer aus éiser Géigend S.40
  7. Weekräizer aus éiser Géigend S.36
  8. 1 2 3 4 5 N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band I, S. 56
  9. N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band I, S. 57
  10. 1 2 N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band II, S.116-117
  11. 1 2 N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band I, S.111
  12. N. Weins, Wegkreuzfahrt Band III, S.75
  13. 100 Joer Esch 1906 - 2006, S. 284
  14. N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band VI, S. 34