Lëscht vun de Weekräizer zu Lëtzebuerg/S
Ausgesinn
Dës Säit ass Deel vun der Lëscht vun de Weekräizer zu Lëtzebuerg.
Op hir stinn d'Weekräizer an den Uerschaften, déi mam Buschtaf S ufänken.
Déi aner Uertschafte sinn op eegenen Ënneräiten zu all Ufanksbuschtaf ze fannen.
| Index A B C D E F G H I J K L M N O P Q R S T U V W X Y Z |
| Uertschaft | Gemeng | Joer | Plaz | Koordinaten | Bild 1 | Bild 2 | Bemierkungen
49° 47′ 32,604″ N, 5° 58′ 31,872 | ||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Schandel | Useldeng | 1704 | 2, Groussbusserstrooss | 49° 47’ 32.6’’ N 5° 58’ 31.87’’ O | D'Kräiz ass an der Fassad vum Bauerenhaff agebaut. D'Opschrëft op der Sail gëtt un, wien d'Kräiz opriichte gelooss huet, den Numm ass awer net ganz kloer ze liesen. | ||||
| Scheedel Scheedelerknupp | Buerschent | Bei 3 bemierkenswäerte Lannen um CR349 tëscht Scheedel a Kiemen | 49° 53’ 44.9’’ N 6° 02’ 34.5’’ O | Opschrëft: Familie Hemes-Welter | |||||
| Schëndels | Miersch | 1713 | An der Kierch vu Schëndels | 49° 43’ 8.6’’ N 6° 5’ 29.3’’ O | D'Annekräiz oder d'Kräiz op der Lâchen, dat haut an der Schëndelsser Kierch steet, stoung fréier am Bësch Op Reifels ënnert Huelescht op engem Fiels, net wäit vun der Fielsgrott Stiffchen. Fréier ass de 26. Juli op Annendag eng Pressessioun vu Schëndels aus bis dohi gaang.[1][2] | ||||
| Schëndels | Miersch | 1833 | An der Montée de la Bergerie, 30 m vun der Bréck iwwer d'Mamer | 49° 42’ 58.7’’ N 6° 5’ 31.7’’ O | Santkräiz, Opschrëft ënnen op der Sail: FRANCISCUS / SANT / ANNA / KRANSZ 1833. Op der Sail ass den hl. Franciscus ze gesinn. D'Kräiz gouf opgeriicht vun der Anna Kransz fir hire Mann Franciscus Sant, deen zwee Joer virdrun op där Plaz an der Mamer erdronk war. Et gouf 2011 komplett restauréiert.[2][3] | ||||
| Schëndels | Miersch | Am Bësch op enger Kräizung vu Bëschweeër | 49° 42’ 23,5’’ N 06° 06’ 09.2’’ O | ||||||
| Schengen | Schengen | 1612 | Maison Walerich, Wäistrooss 47 | 49° 28’ 19.0’’ N 6° 21’ 57.6’’ O | Opschrëft um Kappstéck: S. MARIA - S. IOANNES Opschrëft op der Sail: Den 21. Februar 1612 Et ass dat eenzegt Weekräiz zu Lëtzebuerg mat enger Sonnenauer op der Sail. Et gouf warscheinlech zesumme mam Schlass vu Wëntreng vum Alexandre de Musset opgeriicht. D'Kräiz gouf fréier bei Pressessiounen als Segensaltor benotzt.[4] | ||||
| Schous | Fëschbech | 1759 | Haaptstrooss, nieft dem Haus Nr. 21 | 49° 36’ 34.01’’ N 06° 15’ 30.18’’ O | D'Kräiz stoung fréier an der Gaardemauer vum Haus Turmes-Goedert a gehéiert zum Haus Goedert, fréier Hoffmann an Olinger. Den Datum an den Numm Peter Olinger, deen op der Sail steet, si praktesch net méi ze gesinn[5]. | ||||
| Schous | Fëschbech | am Ollergronn | 49° 45’ 07.99’’ N 06° 09’ 45.18’’ O | D'Kräiz, ouni Datum an Opschrëft, gehéiert der Famill Berchem[5]. | |||||
| Schraasseg | Schëtter | An der Éiterstrooss, vis-à-vis vum Haus Nr 44 | 49° 36’ 34.01’’ N 06° 15’ 30.18’’ O | Eng Pietà-Skulptur um Kapp, d'Schrëft onlieserlech. | |||||
| Schuller | Dippech | 1837 | an der Rue de l'Église | 49° 34’ 55.95’’ N 05° 57’ 21.08’’ O | Janskräiz mat der Opschrëft: Nikolas Rausch MDCCCXXXVII Mathias Rortz 1837[6] | ||||
| Schlënnermanescht | Buerschent | Riets um CR348, am Ausgang vun der Uertschaft, Richtung Norden | 49° 56’ 11.81’’ N 06° 03’ 19.48’’ O | ||||||
| Schwéidsbeng | Schengen | 1839 | route du Vin, CR152 | 49° 30’ 39.2’’ N 06° 21’ 24.8’’ O | Kuckt och: Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (S) Opschrëft: Klop Maria D'Kräiz gouf anscheinend opgeriicht well e klengt Meedchen duerch eng Krëmmchen, e sichelfërmeg Messer, wéi et och op der Sail ze gesinn ass, déidlech verletzt gouf.[7] | ||||
| Schwéidsbeng | Schengen | rue du Port, CR152F | 49° 30’ 41.2’’ N 06° 21’ 34.1’’ O | ||||||
| Schwéidsbeng | Schengen | Op der Hoh, un der Wäistrooss, dem CR152 am Ausgang vun der Uertschaft Richtung Rëmerschen | 49° 30’ 30,94’’ N 06° 21’ 21,74’’ O | ||||||
| Selschent | Wolz | op der Scheier vum Haff 37 Duerfstrooss | 50° 01’ 13,4’’ N 05° 56’ 56,8’’ O | (ouni Opschrëft) | |||||
| Sëll | Sëll | 1755 | rue de Mersch, N8 | 49° 43’ 51.6’’ N 05° 59’ 48.1’’ O | "Stenge Kräiz" op der Strooss Richtung Bruch | ||||
| Sëll | Sëll | 1767 | 22 route d'Arlon, N8 | 49° 43’ 34.8’’ N 05° 58’ 58.0’’ O | Nikloskräiz mat enger Figur vum hellegen Niklos op der Sail | ||||
| Sëll | Sëll | 1769 | 7 rue du Village | 49° 43’ 38.2’’ N 05° 59’ 05.3’’ O | Ënner dem Datum stinn d'Initiale P W; Skulptur Mater dolorosa mat 4 Schwäerter. | ||||
| Sëll | Sëll | 29 rue Principale | 49° 43’ 49.1’’ N 05° 59’ 0.2’’ O | ||||||
| Sëll | Sëll | 1920 | virum Wäschbuer op der N12 Richtung Rippweiler | 49° 43’ 55.5’’ N 05° 58’ 56.5’’ O | Opschrëft: Les V Pendens in Cruce Miserere nobis peccatorinus | ||||
| Sëll | Sëll | 1920 | Um CR301 net wäit vun der Kräizung mat der N12 | 49° 43’ 51.6’’ N 05° 59’ 48.1’’ O | Opschrëft net liesbar | ||||
| Senneng | Nidderaanwen | 1805 | Kräizung: rue du Château - rue de la Montagne CR127 | 49° 38’ 45.6’’ N 06° 14’ 21.1’’ O | |||||
| Simmer | Habscht | Areler Strooss 38, CR107 | 49° 42’ 06.3’’ N 05° 57’ 51.2’’ O | donieft steet eng Weekapell, op där fréier (haut vläicht och nach ?) Follgendes stoung: Paulus Johan und sein Hausfrau haben dis Creuz machen lassen 1600 | |||||
| Simmer | Habscht | Kräizung: Schlasswee - Waldhiel | 49° 41’ 58.3’’ N 05° 57’ 45.2’’ O | Opschrëft: Dieses Krutz ist zu Eren Ilsus Maria und Wilebrordus und zu Eren St Michael A.W.Hantzen Mikt | |||||
| Simmer | Habscht | Beim Agank vun der Kierch | 49° 41’ 59.1’’ N 05° 57’ 52.0’’ O | ||||||
| Simmer | Habscht | 1737 | Um Kierfecht hanner der Kierch | 49° 41’ 59.5’’ N 05° 57’ 53.2’’ O | Eng vu 7 Kräizweestatioune vum Gregor Maximilian Beyser aus dem "Kächeschhaus". D'Statioune stoungen ursprénglech bis an d'19.Joerhonnert um Wee fir op de Méchelsbierg (haut Klaus) | ||||
| Sir | Bauschelt | 1723 | An der Weekapell vum Bauerenhaff, 13, rue Saint-Roch | 49° 54’ 02.07’’ N 05° 46’ 31.9’’ O | Grad sou wéi de Bauerenhaff an d'Kapell an där et steet ass d'Weekräiz net am beschten Zoustand. Ënner der Kruzifikatiounsgrupp ass e Relief vum Zinniklos mat de Kanner an der Solperbidden, um Sockel en onlieserlechen Text.
| ||||
| Sir | Bauschelt | Am Duerf, ënnen an der Rue des Carrières | 49° 54’ 03.8’’ N 05° 46’ 47.96’’ O | ||||||
| Sir | Bauschelt | Baussen un der Kierch | 49° 54’ 08.2’’ N 05° 46’ 42.68’’ O | Just nach de Kapp dovun | |||||
| Sir | Bauschelt | Un engem Feldwee, um Enn vun der Rue des Carrières | 49° 53’ 42.51’’ N 05° 46’ 23.61’’ O | Op dësem einfache Kräiz steet geschriwwen: An Gottes Wegen ist alles gelegen | |||||
| Siren | Weiler zum Tuer | Un engem Bushaischen, rue de Moutfort | 49° 33’ 54.69’’ N 06° 13’ 11.21’’ O | Just nach de Kapp vum Kräiz. | |||||
| Soller | Wanseler | Enn 18. Joerhonnert | Beim fréiere Paschtoueschhaus, 4, Um Kanal. | 49° 57’ 50.4’’ N 05° 49’ 29.6’’ O | Un der Sail d'Skulptur vun enger Pietà. Ënner der Kruzifikatiounsgrupp, dovun eng Persoun mat engem Kand um Aarm, erschéngt d'Muttergottes dem Dominikus fir deem de Rousekranz ze iwwerreechen. | ||||
| Soller | Wanseler | Enn 18. Joerhonnert | An enger onscheinbarer Weekappel, beim Haff 12, rue Jean-Baptiste-Determe (CR309) | 49° 57’ 54.4’’ N 05° 49’ 38.3’’ O | E räichverziert, polychromt Weekräiz mat Engelskäpp an enger Madonna-Skulptur. D'Kruzifikatiounsgrupp bilt den Hl. Haupert mat sengem Réi an den Zinniklos mat de Kanner an der Solperbidden. Iwwer dem Kräiz Eiser Här seng zwéi biologesch Pappen. | ||||
| Sprénkeng | Dippech | rue du Moulin | 49° 34’ 53.2’’ N 05° 57’ 45.2’’ O | ||||||
| Sprénkeng | Dippech | 1746 | Kräizung: rue de la Gare - rue de la Croix | 49° 34’ 39.4’’ N 05° 57’ 41.4’’ O | Opschrëft: Andreas Clemens, Henricus Schmit von Schuweiler | ||||
| Stadbriedemes | Stadbriedemes | 1867 | um Enn vum Massewee | Opschrëft: D.O.M. - Errichtet durch N. Schumacher und Maria Berger von Stadtbredimus - 1867 | |||||
| Stauséigemeng | Stauséigemeng | op engem Feldwee, dee vum CR316 tëscht Esch-Sauer a Kauneref an ëstlecher Richtung geet | 49° 55’ 8.13’’ N 05° 55’ 45.9’’ O | Metallkräiz op engem Steesockel mat der Opschrëft: KISCHTE KREITZ | |||||
| Steenem | Rouspert-Mompech | Ënnerem Dueref | 49° 48’ 58.2’’ N 06° 28’ 51.9’’ O | ||||||
| Steenem | Rouspert-Mompech | Beim Haus Nr 14, Ënnerem Dueref | 49° 49’ 02.71’’ N 06° 28’ 49.14’’ O | ||||||
| Steesel | Steesel | Widder der "Galerie am Duerf", an der Montée Willy Goergen | 49° 40’ 36.25’’ N 06° 07’ 21.74’’ O | ||||||
| Steesel | Steesel | 1882 | Bei der Schetzelklaus am Gréngewald | ||||||
| Stolzebuerg | Pëtschent | 1866 | Rue Principale beim Haus Nr. 22 | 49° 58’ 00.2’’ N 06° 09’ 59.8’’ O | Cholerakräiz | ||||
| Suewelbuer | Ärenzdall | 1609 | Kräizung vum CR356 mam CR358 zu Suewelbuer | 49° 48’ 40.3’’ N 6° 15’ 8.1’’ O | Opschrëft op der Récksäit vum Kräiz: STEIBEN V. SAVELBORN UND SEINE HAVSFRV MARIA HABEN DIS CREVZ MACHEN LASSEN. 1609. Iwwer dëst Kräiz gëtt et eng Seechen, déi vum Henri Adolphe Reuland 1884 opgeschriwwe gouf, iwwer de Mord un engem onbekannten Edelmann op dëser Plaz.[8] | ||||
| Suewelbuer | Ärenzdall | Um CR358, zirka 450 m vu Suewelbuer a Richtung Miedernach | 49° 48’ 40.6’’ N 6° 14’ 45.3’’ O |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ J. Hirsch, Wegkreuze des Kantons Mersch, S.367-369
- 1 2 N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band I, S.102-103
- ↑ J. Hirsch, Wegkreuze des Kantons Mersch, S.365-366
- ↑ N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band II, S.110-111
- 1 2 N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band II, S.46-47
- ↑ N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band V, S.69-72
- ↑ N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band I, S.65
- ↑ N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band III, S.10




































































