Lëscht vun de Weekräizer zu Lëtzebuerg/W
Ausgesinn
Dës Säit ass Deel vun der Lëscht vun de Weekräizer zu Lëtzebuerg.
Op hir stinn d'Weekräizer an den Uerschaften, déi mam Buschtaf W ufänken.
Déi aner Uertschafte sinn op eegenen Ënneräiten zu all Ufanksbuschtaf ze fannen.
| Index A B C D E F G H I J K L M N O P Q R S T U V W X Y Z |
| Uertschaft | Gemeng | Joer | Plaz | Koordinaten | Bild 1 | Bild 2 | Bemierkungen | ||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Waarken | Ettelbréck | 1740 | Lénks vum Kiercheportal vun der Kapell | 49° 51’ 18.68’’ N 06° 05’ 27.87’’ O | |||||
| Waarken | Ettelbréck | 1782 | Riets vum Kiercheportal vun der Kapell | 49° 51’ 18.78’’ N 06° 05’ 27.72’’ O | Just nach de Kapp vum Weekräiz | ||||
| Waasserbëlleg | Mäertert | 1850 | rue du Bocksberg Richtung Mompech, ca 350 m ausserhalb der Uertschaft | 49° 42’ 51.5’’ N 06° 29’ 20.7’’ O | Schwoarzt Kräiz oder Hermeskräiz, Opschrëft: Errichtet zur Erinnerung an das Leiden und Sterben unseres Herrn Jesu Christi 1850[1] | ||||
| Waasserbëlleg | Mäertert | rue du Bocksberg Richtung Mompech, ca 250 m ausserhalb der Uertschaft | 49° 42’ 53.8’’ N 06° 29’ 25.4’’ O | Wäisst Kräiz[1], Opschrëft: O JESU, Mit aufgespantn armen umarme du uns Reuige SÜNDER, Stehe uns bei und Verlasse uns nicht im Leben und im Tode, Am Tage der Trübsall und gefahr, Erlöse uns O JESU | |||||
| Waasserbëlleg | Mäertert | rue des Ponts | 49° 42’ 53.8’’ N 06° 29’ 25.4’’ O | Nëmmen e Kappstéck, an d'Fassad vun engem Haus integréiert Opschrëft uewen: IHR DOTTEN KOMT ZU GERICHT[2] | |||||
| Waasserbëlleg | Mäertert | rue des Bateliers | 49° 42’ 51.1’’ N 6° 30’ 8.9’’ O | Bei dësem Kräiz gouf fréier bei Pressessiounen en Altor opgeriicht. Opschrëft uewen: DEN NAMEN DES HEREN SEI GEBENEDEIT IO BI Opschrëft ënnen: IM NAMEN IESU SOLEN SIG BIGEN ALE KNIEN DI IM HIMEL AUF ERDEN UND UNTER DER ERDEN SEIN[2] | |||||
| Wäicherdang | Klierf | 11, Op der Bouch | 50° 02’ 15.94’’ N 5° 59’ 19.07’’ O | Opschrëft: Denkmal für die Eheleute M. Pauls - M. Schmitz. Erklärung: Effektiv gouf de 26. Januar 1818 an der deemoleger Gemeng Wäicherdang de Michael Pauls (Pols) mat der Maria Margaretha Schmitz bestuet, béid waren vu Wäicherdang gebierteg[3] | |||||
| Wäiswampech | Wäiswampech | Kräizung: Gruuss-Strooss - Urenerweeg | 50° 8’ 23.0’’ N 6° 4’ 46.7’’ O | Nieft der Hostellerie du Nord[4] | |||||
| Wäiswampech | Wäiswampech | 1755 | Kiricheneck Nr. 51 | 50° 8’ 14.1’’ N 6° 4’ 26.4’’ O | Beim Haus G. Simon Opschrëft op der Sail: MARIA FRANCK DES E. CORNELI 1755[5] | ||||
| Wäiswampech | Wäiswampech | Kiricheneck Nr. 6 | 50° 8’ 16.5’’ N 6° 4’ 28.9’’ O | Beim Haus Scheuren-Glod Opschrëft op der Sail warscheinlech op Latäin, awer net lieserlech[6] | |||||
| Wäiswampech | Wäiswampech | Kleine Weeg Nr. 2, d'Kräiz steet an der Duarrefstrooss | 50° 8’ 8.7’’ N 6° 4’ 27.1’’ O | Beim Haus Thinnes; d'Kräiz gouf als Ersatz fir eng Seegenskapell opgeriicht, déi fréier do stoung Opschrëft um Sockel: Sei ruhig Herz / sei stille / Und trage deine Last /Es ist ja Gottes / Wille / Was du zu / tragen hast[7] | |||||
| Waldbriedemes | Waldbriedemes | 1863 | Um Ale Kierfecht, hanner der Kierch | 49° 33’ 23.03’’ N 06° 17’ 14.93’’ O | Stephanskräiz, mat der Opschrëft: das verfalenne Kreitz widerhergestellt von J Brandenburger und M Groos von Waldbredimus den 2. Merz 1863 Dëst Kräiz stoung fréier baussent dem Duerf op der Säit vu Bus. Et war e Merci well d'Leit verschount blouwe virun der Pescht. Et huet en anert Kräiz ersat dat virdrun do stoung.[8] | ||||
| Waldbriedemes | Waldbriedemes | 1866 | Eck 'Um Kiem' a 'Leemeck', an der Weekapell "Famill Marx" | 49° 33’ 21.72’’ N 06° 17’ 06.29’’ O | 1999 renovéiert. | ||||
| Waldbriedemes | Waldbriedemes | 1734 | Haaptstrooss (CR148), an der Weekapell vis-à-vis vum Veräinsbau | 49° 33’ 25.11’’ N 06° 17’ 16.0’’ O | d'"Kräiz an der Kapell" gouf opgeriicht fir d'Hëllef vum Härgott géint Krankheeten unzeruffen.[9] | ||||
| Waldbriedemes | Waldbriedemes | 1717 | Haaptstrooss (CR148), um Haus Nr 54 | 49° 33’ 21.98’’ N 06° 17’ 07.52’’ O | Mörschkräiz, och Antheskräiz genannt[9] | ||||
| Waldbriedemes | Waldbriedemes | 1818 | Schoulstrooss 7 | 49° 33’ 22.0’’ N 06° 17’ 15.2’’ O | Opschrëft um Sockel: Dises Kreutz ist aufgericht worden durch den Nicola Spanier im Jahre 1818 MN MA[8] | ||||
| Waldbriedemes | Waldbriedemes | 1458, 1709 | an der Kierch | 49° 33’ 22.9’’ N 06° 17’ 14.4’’ O | "Peschtkräiz" oder "Biergerkräiz" genannt, mat der Opschrëft: EXSTR UCTA 1458 Frans (Plvmer) - 1709 Durch die Gemein von Waldtbredimus stoung fréier am Duerf op der Bausseréckwand vun enger Kapell. Et gouf zur Zäit vun enger Peschtepidemie opgeriicht, 1708 duerch d'Zaldote vum Herzog vu Bayeren zerstéiert an 1709 vun der Gemeng restauréiert. 1974 gouf et an d'Kierch gesat.[9] | ||||
| Walfer | Walfer | 1642 | An der Walfer Kierch | 49° 39’ 31.8’’ N 6° 7’ 57.9’’ O | Opschrëft ënnen op der Sail: DIS CRVTZ HAT LASSEN AUFRICHTEN IN EHREN GOTTES IOHA MULLER HEINRICH BLEY 1642 Dëst Peschtkräiz stoung fréier op der Bréck iwwer d'Uelzecht, nach virdrun stoung et am "Melleschpesch" um Bord vun der Strooss. Wéinst dem Numm Muller kann et sinn datt et vum deemolege Mëller opgeriicht gouf.[10] | ||||
| Walfer | Walfer | An der Walfer Kierch | 49° 39’ 31.8’’ N 6° 7’ 57.9’’ O | Kappstéck | |||||
| Walfer | Walfer | Um Lieu-dit Doudeg Fra am Gréngewald | 49° 32’ 42.7’’ N 6° 9’ 53.9’’ O | ||||||
| Wandhaff (Buerschent) | Buerschent | Bei enger Grupp vu bemierkenswäerte Lannen um CR350 | 49° 52’ 15.23’’ N 6° 3’ 53.3’’ O | Niewendrun eng Madonna hanner Gitter | |||||
| Wecker | Biwer | 1843 | Haaptstrooss 9 (CR134) | 49° 41’ 38.7’’ N 6° 23’ 0.6’’ O | Opschrëft ënnen op der Sail: MATHIAS MEHLEN / DETZEN EAM / II 1843 N.P. K.M. N.P. sinn d'Initiale vum Nikolaus Pinnel, K.M. déi vun der Katharina Mehlen. De Mathias Mehlen war där hire Papp. Detzen (oder Déitzen) war den Hausnumm vun der Famill Mehlen. Op der Sail ass e Relief vum hl. Mathias ze gesinn.[11] | ||||
| Wecker | Biwer | 1781 (Kräiz) 1783 (Sockel) | Härebierg, virun der Kierch | 49° 41’ 45.6’’ N 6° 23’ 15.9’’ O | Opschrëft ënnen um Sockel: DIES CREITZ HAT LASSEN MACHEN / UND AUFRICHTEN JOHANNES LENTZ / UND ELISABETDA LENTZ Z·EHREN / GOTTES VND DER FÜNF WUNDEN JESU / CHRISTUS EZEIT AUF WECKER MILLEN 1783[11] | ||||
| Weydeg | Biwer | Kräizung N14 mam CR132 | 49° 43’ 18.5’’ N 6° 19’ 14.4’’ O | ||||||
| Weiler zum Tuer | Weiler zum Tuer | 1749 | Rue du Schlammesté Nr. 8 | 49° 32’ 29.7’’ N 6° 11’ 52.6’’ O | Op dëser Plaz stoung fréier d'Mertzvogtei. Opschrëft ënnen op der Sail: FRANS MERDZ / IOHANATA SALSGEBER. De Relief op der Sail weist den hellege Franziskus.[12] | ||||
| Weiler zum Tuer | Weiler zum Tuer | Am Ausgang vun der Uertschaft, Richtung Schlammestee, lénkser Hand bei den Onofhängegkeetsmonumenter vun 1939 an 1989 | 49° 32’ 19.48’’ N 6° 11’ 37.01’’ O | ||||||
| Weiler zum Tuer | Weiler zum Tuer | Un der Kierfechtskapell um "Neie Kierfecht" | 49° 32’ 29.16’’ N 6° 12’ 10.81’’ O | Um Fouss en Hellegerelief, drënner S. CARROLUS | |||||
| Weiler zum Tuer | Weiler zum Tuer | Op der Proprietéit, 16, Läffelsgaass (Rue du Cimetière) | 49° 32’ 29.16’’ N 6° 12’ 05.9’’ O | 2017 an den Hecke verstoppt | |||||
| Weiler zum Tuer | Weiler zum Tuer | Am Agank vum Ale Kierfecht, Rue du Château | 49° 32’ 36.27’’ N 6° 11’ 58.63’’ O | ||||||
| Weimeschkierch | Lëtzebuerg | 1716 | rue Munchen-Tesch, um Eck mat der rue de Stavelot | 49° 37’ 40.8’’ N 06° 08’ 0.2’’ O | an d'Fassad vum Haus integréiert | ||||
| Weimeschkierch | Lëtzebuerg | Am Fond Saint-Martin | 49° 37’ 41.66’’ N 06° 08’ 09.25’’ O | ||||||
| Weimeschkierch | Lëtzebuerg | 1604 | An der Kierch | 49° 37’ 40.19’’ N 06° 08’ 06.61’’ O | De Kapp vun engem Weekräiz huet hei an der Kierch e Refuge fonnt. | ||||
| Welfreng | Duelem | 1735 | bei der Kierch | 49° 32’ 21.3’’ N 06° 17’ 00’’ O | D'"Missiounskräiz" staamt aus dem Atelier Greef vun Altwis a gouf vum August Reuter opstelle gelooss. Et stoung fréier direkt un der Mauer vun der aler Kapell, déi 1928 ofgerappt gouf. Dobäi ass d'Kräiz zesummegebrach, gouf spéider awer nees virun där neier Welfrenger Kierch opgestallt.[13] | ||||
| Welleschten | Schengen | 1718 | rue de l'Église, géigeniwwer der Kierch | 49° 31’ 26.6’’ N 06° 20’ 32.3’’ O | "Anekräiz" aus Schengener Sandsteen, mat der Opschrëft: Avfgerigt zv Ehren Gotes vnd Trost der Lebenigen vnd Abgestorben Gal.... 1718[14] | ||||
| Welleschten | Schengen | rue de Remich um Eck mat der rue de l'Église | 49° 31’ 29.7’’ N 06° 20’ 30.6’’ O | D'Kräiz stoung bis 1963 am Zentrum vum Duerf virun engem Haus.[14] | |||||
| Welleschten | Schengen | 1718 | rue de Remich | 49° 31’ 31.3’’ N 06° 20’ 33.1’’ O | Steet nieft enger Weekapell. Opschrëft um Kappstëck: Aufgericht zu Ehren Gottes und der Erzbruderschaft der Heiligen Anna Gott allein die Ehr Anno 1718[14] | ||||
| Welleschten | Schengen | 1862 | beim Kierfecht | 49° 31’ 30.9’’ N 06° 20’ 43.7’’ O | Kräiz op Maes, mat der Opschrëft: Zum Andenken der Jungfrau Maria Sünnen von Wellenstein, welche der Herr an dieser Stelle am 2. August 1862 im Alter von 27 Jahren zu sich rief. Forsche Gottes Ratschlüssen nicht nach, wenn auch unversehends Gott dein Herr sein will. Sie werden alle klar am Jüngsten Tag. Nun bete für mich und wandle still.[15] | ||||
| Welleschten | Schengen | G88Q+M7 Schengen | 49° 31’ 00.1’’ N 6° 20’ 17.8’’ O | Niewent dem Weekräiz steet eng Hubertusstatu. Dozou och eng Plakett mt der Opschrëft "Eisem Jagdfrënd Leo Hentzen + 1966" | |||||
| Welleschten | Schengen | 1803, 1809, 1818 | am Haff bei der Heenegässel | 49° 31’ 27.2’’ N 06° 20’ 28.4’’ O | |||||
| Wëntreng | Schengen | Wäistrooss am Agank vu Wëntreng a Richtung Remerschen | 49° 30’ 0.6’’ N 06° 21’ 11.2’’ O | "Kräiz op der Quäschwiss" Dat ursprénglech Kappstéck, dat d'Kräizegungsgrupp gewisen huet, gouf bei engem Verkéiersaccident zerstéiert an duerch en einfacht Kräiz mat Metallchristus ersat.[16] | |||||
| Wëntreng | Schengen | am Brékelter | 49° 30’ 02.93’’ N 06° 21’ 03.59’’ O | Schéint Weekräiz um Haff vum Nic Rock, zirka 250 Joer al.[16] | |||||
| Weyer | Fëschbech | 1773 | CR101 | 49° 43’ 32.9’’ N 06° 11’ 46.3’’ O | Opschrëft: PETRUS KAHN 1773[17] | ||||
| Wilwerdang | Ëlwen | 1631 | D'«Zaangeltskräiz» steet am Wämperweeg (CR336) am Ausgang vun der Uertschaft | 50° 08’ 25.18’’ N 06° 01’ 46.65’’ O | |||||
| Wilwerdang | Ëlwen | Op der N12 virun den Haiser N°55 an N° 57. | 50° 08’ 27.00’’ N 06° 01’ 28.60’’ O | ||||||
| Wolwen | Rammerech | 1831 | Wolwener Klaus | 49° 49’ 53.8’’ N 05° 46’ 44.1’’ O | |||||
| Wolz | Wolz | 1502 | Justizkräis um Eck vun der Grand-Rue mat der Rue Hannelast | 49° 57’ 57.78’’ N 05° 56’ 13.31’’ O | |||||
| Wuelper | Konsdref | ëm 1815 | Beim Wolperhaff laanscht der N11 | 49° 45’ 54.6’’ N 6° 21’ 47.6’’ O | D'Kräiz gouf opgeriicht als Erënnerung un e Gendaarm deen an engem strenge Wanter ëm 1815 vun engem Ruddel Wëllef ugegraff a bis op e puer Reschter opgefriess gouf.[18]
| ||||
| Wuermer | Wuermer | route Principale beim "Hellegenhaischen" | 49° 36’ 16.9’’ N 06° 24’ 02.1’’ O | Iwwer dëst Weekräizkappstéck gëtt et zwou Soen[19] | |||||
| Wuermer | Wuermer | route Principale, 152 | 49° 36’ 41.7’’ N 06° 24’ 20.9’’ O | ||||||
| Wuermer | Wuermer | 1720 | Krunnegaass, 23 | 49° 36’ 40.3’’ N 06° 24’ 25.3’’ O | Et ass dat schéinste Weekräiz zu Wuermer[20] | ||||
| Wuermer | Wuermer | Kräizung vum CR146A mam CR122 | 49° 37’ 04.0’’ N 06° 24’ 06.3’’ O | Weekapell mam Kappstéck vum "Schneiderjahnskräiz" Opschrëft:Maria du reine Jungfrau, bitte deinen lieben Sohn für uns in unserer Sterbestunde.[19][20] | |||||
| Wuermer | Wuermer | 1882 | Kräizung vum CR146A mam CR122 | 49° 37’ 03.9’’ N 06° 24’ 07.3’’ O | Opschrëft: O, ihr alle, die ihr vorübergehet am Wege gebet Acht und sehet ob ein Schmerz gleich sei meinem Schmerz - Jeremias 1.12. D'Weekräiz kënnt aus dem Atelier vum Mathias Sadler (1836-1903) vu Wuermer. D'Kräiz uewendrop gouf schonn e puermol erneiert. Fréier stoung hei d'Weekräiz deem säi Kappstéck (Schneiderjahnskräiz) haut an der Kapell op der anerer Säit vun der Strooss steet.[19][20] | ||||
| Wuermer | Wuermer | rue du Cimetière | 49° 36’ 39.76’’ N 06° 24’ 22.95’’ O | Ural Weekräiz dat scho fréier an der Kierfechtsmauer agebaut war, 2020 gouf et restauréiert an nees an eng Nisch an déi nei erbaute Kierfechtsmauer gesat. Fréier gouf op Palmsonndeg virum Kräiz de "Pällem" niddergeluecht an duerno verbrannt. D'Äsche sinn dann dat Joer drop op Äschermëttwoch benotzt ginn.[21] |
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band II, S.81
- 1 2 N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band II, S.82
- ↑ Hochzäitsakt Nr.1 vum 26. Januar 1818 Gemeng Wäicherdang
- ↑ N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band VI, S.37
- ↑ N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band VI, S.38-39
- ↑ N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band VI, S.40-42
- ↑ N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band VI, S.43-44
- 1 2 N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band I, S. 53
- 1 2 3 N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band I, S. 55
- ↑ N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band III, S. 104
- 1 2 N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band II, S.74
- ↑ N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band III, S.63
- ↑ N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band II, S.101
- 1 2 3 N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band I, S.60
- ↑ N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band I, S.60+62
- 1 2 N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band I, S.64
- ↑ Zitéierfeeler: Ongülteg Markéierung
<ref>; et gouf keen Text ugi fir d'Referenze mam NummKreuzfahrtIII113 - ↑ N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band III, S.43
- 1 2 3 N. Weins, Auf Wegkreuzfahrt Band I, S.72
- 1 2 3 Weekräizer aus éiser Géigend, S.70
- ↑ Zitéierfeeler: Ongülteg Markéierung
<ref>; et gouf keen Text ugi fir d'Referenze mam NummKreuzfahrtI73
































































































