Op den Inhalt sprangen

LëtzCare

Vu Wikipedia
LëtzCare
Zweck Humanitär Hëllef
Grënnungsdatum 1. Juni 2019
Sëtz Wäiswampech
  25, Cité Grait
President Safet Alili
RCS F12356
Websäit https://letzcare.eu/
De Safet Alili, President vu LëtzCare
op enger Präisiwwerreechung zu Skopje (2025)

LëtzCare ass eng lëtzebuergesch ASBL déi 2019 gegrënnt gouf. Se huet hire Sëtz zu Wäiswampech a konzentréiert sech op humanitär a sozial Projeten, haaptsächlech an Nordmazedonien. D'Aarbecht ëmfaasst ë. a.:

  • Done vu medezineschem Equipement u Gesondheetsariichtungen (Spideeler, Gesondheetsheemer, Ambulanzstrukturen),
  • Mobilitéitshëllefen (Rollstill, Rollatoren, Reha-Geschier an Hëllefsmëttel fir Persoune mat Behënnerungen),
  • Computer- an ICT-Material fir Schoulen an Educatiounsinstitutiounen,
  • Moossname fir inklusiv Educatioun a Sensibiliséierung,
  • Zesummenaarbecht a formell Donatiounskontrakter mat Gemengen an Spideeler .

Grënnung vun der ASBL

[änneren | Quelltext änneren]

De Veräin ass den 1. Juni 2019 gegrënnt ginn. Ee vun de Matgrënner ass de Safet Alili, en nordmazedonesch-lëtzebuergeschen Humanitär, deen zu Tetovo an Nordmazedonie gebuer gouf an zu Prisojnica an der Regioun Mavrovo-Rostusha opgewuess ass. Hien ass méi spéit op Lëtzebuerg geplënnert, wou en nieft senger berufflecher Aktivitéit eng Rei gesellschaftlech a kommunal Engagementer iwwerholl huet. Hien ass Member vun der Kommissioun fir d'Zesummeliewen an der Gemeng Wäiswampech, wou hie sech fir d'Integratioun an d'Zesummeliewe an enger gudder Noperschaft asetzt.

Ziler vum Veräin

[änneren | Quelltext änneren]

Am Artikel 2 vun de Statute vun 2019, goufen d'Haaptziler vum Veräi follgendermoosse festgehalen:

L'association a pour objet, partout où cela s'aveu[sic] nécessaire de:

  • S'impliquer de manière active à une aide humanitaire
  • Contribuer à l'amélioration de la qualité de vie des personnes en souffrance ou détresse
  • Œuvrer pour l'amélioration des structures sanitaires, surtout en milieu rural
  • Organiser des activités culturelles, sportives et éducatives

Humanitär Projeten an Donen

[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 2023 huet LëtzCare fënnef Haaptprojeten ëmgesat an zwar am Abrëll, Mee an November 2023 souwéi am Juli 2024 an am Mee 2025. Dobäi gouf eng breet Pallett vun Donen a Material gespent:

  • Spidolsbetter, Rollstill, Rollatoren, Reha-Geschier
  • Medezinescht Equipement an Apparater
  • Computeren, Laptoppen, ICT-Ausrëschtung
  • Schoulmaterial a pedagogesch Ressourcen
  • Spezialiséiert Hëllefsmëttele fir Persoune mat Behënnerungen

Déi Done goufen a méi wéi 40 Uertschaften a Regiounen an Nordmazedonie verdeelt, dorënner Rostushe, Oteshevo, Skopje, Veles, Debar, Tetovo, Struga, Ohrid, Kriva Palanka, Vevchani, Strumica, Makedonski Brod, Prilep a Krushevo.

Ënnerstëtzt Institutiounen

[änneren | Quelltext änneren]

D'Ënnerstëtzung vu LëtzCare riicht sech un eng Rei wichteg Gesondheets-, Bildungs- a Sozialstrukturen an Nordmazedonien, wéi Spideeler, Gesondheetsheemer, Rehabilitatiounszentren, Ambulanzstrukturen, Staatlech Klinicken, Grond- a Mëttelschoulen, Institutioune fir inklusiv Educatioun souwéi Veräiner a Strukture fir Persoune mat Behënnerungen.

LëtzCare gouf den 11. Mee 2025 an der offizieller Residenz vum President vun Nordmazedonie mat der Auszeechnung Recognition for Diaspora Contribution 2025 fir hiren humanitäre Bäitrag ausgezeechent. D'Auszeechnung gouf vun der Presidentin Gordana Siljanovska-Davkova iwwerreecht a vum President vum Veräin, dem Safet Alili, entgéintgeholl[1][2].

Aner Éierungen

[änneren | Quelltext änneren]

LëtzCare huet iwwer d'Jore vill Remerciementen an Éierungen aus verschiddene Beräicher kritt. Dozou gehéieren Auszeechnunge vu Gemengen, Gesondheetsariichtungen, Schoulen, an edukativen Institutiounen, déi d'Aarbecht vun der Organisatioun um Déngscht vu sozial schwaache Familljen a Mënsche mat spezifesche Besoinen héich schätzen.

 Commons: LëtzCare – Biller, Videoen oder Audiodateien

LëtzCare an de Medien

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. https://pretsedatel.mk/en/mk2025-12-05-2025-en/
  2. Archive copy Archivéiert de 14.10.2025. Gekuckt de 25.11.2025.
  3. (mk) Формализирана на соработката со Lētz Care a.s.b.l.. Gekuckt den 20.11.2025.
  4. (mk) Обезбедени ортопедски помагала за потребите на лицата со МС и Клиниката за неврологија, Скопје. Gekuckt den 20.11.2025.
  5. (en) Vasko, Подигнување на свеста за Спиналната мускулна атрофија: Едукација, поддршка и заедништво во СОСУ „Св. Кирил и Методиј“ • WebOhrid. WebOhrid (29.05.2025). Gekuckt den 20.11.2025.
  6. (mk) Сафет Алили, иселеник од Присојница донира медицински помагала за здравствени установи | GPRESS. (12.12.2023). Gekuckt den 20.11.2025.
  7. (mk) admin, Luksemburško udruženje „LetzCare“ iz Luksemburga dobitnik priznanja predsednice Severne Makedonije. Radio Puls Luxembourg (14.05.2025). Gekuckt den 20.11.2025.
  8. (mk) Emsel Shabani, Договор за донација. Opstina Mavrovo i Rostuse (09.05.2023). Gekuckt den 20.11.2025.