Op den Inhalt sprangen

Provënz Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Lëtzebuerg (Provënz))
Provënz Lëtzebuerg
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
vun der Belsch
Chef-lieu Arel
ISO 3166-2 BE-WLX
Awunner 296.008 (1. Januar 2025)
Fläch 4.459,25 km²
Arrondissementer Arel
Baaschtnech
Marche-en-Famenne
Neufchâteau
Virton
Websäit https://www.province.luxembourg.be

D'Provënz Lëtzebuerg (fr.: Province de Luxembourg; wa.: Province do Lussimbork) ass eng vun de 5 Provënzen an der Regioun Wallounien, am Südoste vun der Belsch. De Chef-lieu ass Arel.

Den haitege Grand-Duché vu Lëtzebuerg an déi belsch Provënz Lëtzebuerg hunn tëscht 1815 an 1839 eng Eenheet gebilt, an zwar de Grand-Duché, sou wéi e vum Wiener Kongress geschaf gi war. Nodeem awer d'Belsch sech vum Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden onofhängeg gemaach hat, gouf de 14. Oktober 1831 zu London eng Konferenz aberuff, déi d'Grenze vun deem neie Staat sollt festleeën. D'Groussmuechten hunn do ënner anerem beschloss, Lëtzebuerg ze deelen: dee westlechen, frankophonen Deel sollt belsch ginn an nëmmen deen ëstleche, germanophone géif dem hollännesche Kinnek Wëllem I. gelooss ginn, dee jo (a Personalunioun) Groussherzog vu Lëtzebuerg war. Dobäi ass allerdéngs d'Grenz e bëssen zu Gonschte vun der Belsch gezu ginn, sou datt d'Regioun vun Arel, d'Areler Land, derbäi koum, obschonns se deemools nach ganz däitschsproocheg war (oder, wat dat selwecht heescht, lëtzebuergeschsproocheg). Definitiv gouf d'Deelung dunn den 19. Abrëll 1839 am Traité vu London festgehalen.

Gouverneure vun der Provënz Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

D'Provënz Lëtzebuerg ass mat 4.459,25 km² déi gréisst belsch Provënz. Si huet 296.008 (1. Januar 2025)[2] an ass a 5 Arrondissementer an 43 Gemengen agedeelt. Zwou grouss Landschafte leien do: d'Gaume an d'Ardennen. Den héchste Punkt mat 652 m ass d'Baraque de Fraiture.

D'Provënz Lëtzebuerg huet 43 Gemengen.

Demographesches

[änneren | Quelltext änneren]

D'Informatioune an der Tabell hei drënner ginn automatesch vu Wikidata agebonnen.

Arrondissement Gemengen Awunner Aw.-Datum Fläch (km²) Dicht (Aw./km²) NIS-Code
Arel 5 63.546 2021 317,28 200,28 81000
Baaschtnech 7 49.352 2021 1.043 47,32 82000
Marche-en-Famenne 9 57.084 2021 953,69 59,86 83000
Neufchâteau 12 64.354 2021 1.354,57 47,51 84000
Virton 10 54.386 2021 771,19 70,52 85000
Provënz Lëtzebuerg 43 296.008 1. Januar 2025 4.459,25 66,38 80000

Gemenge mat méi wéi 10.000 Awunner(Stand: 2021):[3]

Arel 30.393
Marche-en-Famenne 17.658
Éibeng 17.251
Baaschtnech 16.296
Durbuy 11.531
Libramont-Chevigny 11.482
Virton 11.371

Sëtzverdeelung am Provënzrot vu Lëtzebuerg (2024)

[änneren | Quelltext änneren]

De Provënzrot huet am Ganze 37 Sëtz. No de Wale vun 2024 gouf eng Koalitioun tëscht Les Engagés an Ecolo gebilt.

Partei Sëtz 2024
Les Engagés 18
Mouvement Réformateur (MR) 13
Parti Socialiste (PS) 4
Ecolo 2
Démocrate fédéraliste indépendant 0
Démocratie Nationale 0

Historesch Sëtzverdeelung (2000–2024)

[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht 2000 an 2024 goufen am Ganze 214 Sëtz verdeelt.

Partei Sëtz 2000–2024
Les Engagés 84
Mouvement Réformateur (MR) 71
Parti Socialiste (PS) 46
Ecolo 13
Démocrate fédéraliste indépendant 0
Démocratie Nationale 0

Am Verglach mam Bruttoinlandprodukt pro Kapp vun der Europäescher Unioun, ausgedréckt a Kafkraaftstandarden, huet d'Provënz Lëtzebuerg am Joer 2015 en Index vu 75 erreecht (EU-25: 100) – däitlech méi niddreg wéi de belschen Duerchschnëtt vun 119. Domat huet d'Provënz déi schwächst Pro-Kapp-Wirtschaftsleeschtung ënnert alle belsche Provënzen opgewisen.[4]

2023 louch d'Aarbechtslosequot bei ongeféier 8 %. Si war domat däitlech ënner dem wallouneschen Duerchschnëtt vun zirka 12 %, awer nach ëmmer iwwer dem nationale belsche Mëttelwäert.[5]

Verflechtunge mam Groussherzogtum Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

An de 2020er Jore gouf d'Provënz gepräägt vum Grenzpendelverkéier mam Groussherzogtum Lëtzebuerg: 2024 hunn ongeféier 295.000 Leit an der Provënz Lëtzebuerg gelieft, vun deenen der ronn 38.000 reegelméisseg am Ausland – haaptsächlech am Groussherzogtum – geschafft hunn. Domat huet d'Provënz Lëtzebuerg de gréissten Undeel u belsche Frontalieren a Richtung Ausland (Stand 2024).[6]

Gläichzäiteg sinn am éischte Véierel 2023 am Ganzen 222.380 Frontalieren op Lëtzebuerg komm, dovun ongeféier 23 % aus der Belsch; d'Zuel vu belsche Pendler ass 2024 liicht stagnéiert (−0,2 % am Verglach zu 2023).[7] Studien hunn dobäi nogewisen, datt d'Zon aus där d'Frontaliere kommen, zanter 2014 méi grouss ginn ass.[8] D'Noperschaft mam lëtzebuergeschen Aarbechts- a Wunnengsmaart weist sech och an der bannenzeger Migratioun: d'Grenzregiounen hu weiderhin e kloer iwwerduerchschnëttleche Bevëlkerungswuesstem verzeechent (vu ronn 267.000 am Joer 2009 op ongeféier 295.000 am Joer 2024).[9]

D'Verflechtung weist sech och an den Donnéeë vun den Nationalitéiten: 2023 hu 516 belsch Bierger d'lëtzebuergesch Nationalitéit kritt; d'Acquisitioune goufen haaptsächlech duerch Optioun oder Recouvrement (Nees-Abiergerung) gemaach. Am Ganze goufen 2023 respektiv 2024, 11.904 respektiv 7.415 Abiergerungen duerchgefouert.[10]

Am Grenzraum ass parallel och d'Siichtbarkeet vum Lëtzebuergeschen nees gewuess, ë. a. duerch Lëtzebuergesch-Coursen zu Arel (organiséiert vun der Gemeng an och vu private Schoulen), grad wéi duerch Kulturprogrammer iwwer d'Grenz ewech.[11]

Kultur a Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]

E Musée iwwert d'Kultur vun der Provënz ass de Fräilichtmusée Fourneau Saint Michel mat enger landwirtschaftlecher an enger montanhistorescher Sektioun. Bei Wéris gëtt et bedeitend Megalithanlagen. Am Musée vun de Kelten zu Libramont-Chevigny kann een archeologesch Fuerschungsresultater gesinn. Déi mëttelalterlech Buerge vu Bouillon a La Roche-en-Ardenne si markant Symboler vun den Ardennen. D'Euro Space Center bei Transinne bitt eng interaktiv Ausernanersetzung mat der Raumfaart an der Astronomie. Verschidde Muséeën a Gedenkplazen, wéi de Musée de la Bataille des Ardennes zu La Roche-en-Ardenne, erënneren un d'Ardennenoffensiv am Zweete Weltkrich.[12]

Arrondissementer a Gemengen

[änneren | Quelltext änneren]
Arrondissement Arel

Am Arrondissement Arel liewen 63.546 Awunner op 317,28 km².

Arrondissement Baaschtnech

Am Arrondissement Baaschtnech liewen 49.352 Awunner op 1.043 km².

Arrondissement Marche-en-Famenne

Am Arrondissement Marche liewen 57.084 Awunner op 953,69 km².

Arrondissement Neufchâteau

Am Arrondissement Neufchâteau liewen 64.354 Awunner op 1.354,57 km².

Arrondissement Virton

Am Arrondissement Virton liewen 54.386 Awunner op 771,19 km².

 Commons: Provënz Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. https://statbel.fgov.be/fr/nouvelles/la-belgique-comptait-11825551-habitants-au-1er-janvier-2025; consultéiert den: 21. August 2025.
  3. be.STAT. bestat.statbel.fgov.be. Gekuckt den 21.08.2025.
  4. Regionales BIP pro Kopf, 2015, In: Eurostat, Gekuckt de 27. Abrëll 2018 (däitsch)
  5. Situation sur le marché du travail: emploi et chômage, In: Statbel, Gekuckt de 15. August 2025 (franséisch)
  6. Emploi frontalier et évolution : Hausse de l’emploi frontalier, proche du niveau d’avant crise sanitaire. In: IBA-OIE, 10. Dezember 2024, Gekuckt de 15. August 2025 (franséisch)
  7. Oblet, Guillaume: Frontaliers : des travailleurs de plus en plus précieux pour le Luxembourg. In: Le Quotidien. 13. November 2024, Gekuckt de 15. August 2025 (franséisch)
  8. Statistiques du marché du travail frontalier,In: Statec.lu, 2023 (franséisch).
  9. Statistieken Provincie Luxemburg: Aantal inwoners per jaar, In: allecijfers.be, 4. Mäerz 2025, Gekuckt de 15. August 2025 (flämesch)
  10. Statistiques de la nationalité luxembourgeoise 2023–2024, In: Ministère de la Justice Luxembourg, 2024 (franséisch)
  11. Nos cours de langues, In: Ecole Industrielle et Commerciale de la ville d'Arlon - Enseignement pour Adultes de la ville d'Arlon, 2025 (franséisch)
  12. Museums and discoveries. visitwallonia.com. Gekuckt de 17.08.2025.