Lëtzebuerg Privat

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
"Lëtzebuerg Privat"-Logo

Lëtzebuerg Privat ass eng däitschsproocheg Wochenzeitung mam Ënnertitel "Unabhängige Wochenzeitung für Luxemburg".

Déi éischt Nummer koum den 3. November 2006 eraus. Den Editeur a Chefredakter ass de Jean Nicolas an de Chefredakter-adjoint den Heinz Kerp. D'Nummer 7 vu Mëtt Dezember 2006 hat eng Oplo vu 25.000 a war 12 Säiten déck. Am Joer 2008 ass d'Oplo op 30.500 erhéicht ginn.[1]

D'Opmaachung ass typesch fir eng Boulevardzeitung, an de Stil erënnert däitlech un dee vun der däitscher Bild-Zeitung.

Kritik

Ufanks Mäerz 2007 gouf vun der Lëtzebuerger Internet-Community, als Protest géint d'Verbreedung vu Lëtzebuerg Privat, eng Google-Bombing-Aktioun gestart, wouduerch d'Websäit vu "Lëtzebuerg Privat" net méi als éischt Resultat op Google opgedaucht ass. Amplaz gouf eng satiresch Websäit ugewisen, déi op den éischte Bléck net sou z'erkenne war. Déi Aktioun gouf vu Google erëm réckgängeg gemaach.

Kritesch setze sech och verschidden Internetsäite mat der Zeitung auserneen, wéi z. B. de Blog Pianocktail.

D'Journalistin Josée Hansen vum Lëtzebuerger Land gouf am Oktober 2013 vum Geriicht fräigeschwat, nodeem si vum Jean Nicolas wéinst Diffamatioun verklot gi war. D'Josée Hansen hat an engem Artikel iwwer d'Montée vum Rassismus an der Xenophobie dem Nicolas seng Zeitungen als Beleeg dofir uginn.[2],[3]

Um Spaweck

Referenzen

  1. Websäit vu Luxprivat Gearchiveerd op 2012-09-19. Gekuckt de(n) 2012-08-05.
  2. wort.lu: "Land"-Journalistin in Beleidigungsklage freigesprochen (16. Oktober 2013, gekuckt de 27. Oktober 2013)
  3. paperjam.lu: Journaliste du d'Land acquittée (16. Oktober 2013, gekuckt de 27. Oktober 2013)