Lëtzebuerger Exilregierung

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Luxembourg Grey Book, dat 1942 vun der Exilregierung zu London publizéiert gouf.
Geschicht vu Lëtzebuerg
Portal:Lëtzebuerg

D'Exilregierung huet aus deene Ministere vun der Regierung Dupong-Krier bestanen, déi den 10. Mee 1940 beim Däitschen Iwwerfall op Lëtzebuerg, zur Zäit mat hire Famillje konnten d'Land verloossen,[1] a mat der Groussherzogin Charlotte iwwer Frankräich, Spuenien a Portugal op Montréal respektiv op London geflücht sinn.

Zeréck op Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Den 23. November 1944 koumen si hannescht op Lëtzebuerg, wou et zu Konflikter mat der Unio'n koum, déi no der Befreiung, den 10. September 1944, ënner amerikanescher Supervisioun, d'Land verwalt huet. De Pierre Dupong huet dofir decidéiert, an d'Regierung vun der Befreiung ë. a. och Leit aus der Resistenz opzehuelen.

An de Joren nom Krich gouf d'Exilregierung och dofir kritiséiert, net genuch fir déi Lëtzebuerger gemaach ze hunn, déi och wollten an England flüchte fir géint Nazi-Däitschland ze kämpfen, awer a Frankräich oder a Spuenien internéiert goufen.

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Haag, Emile, 2011. Le gouvernement à l'épreuve de la Seconde Guerre mondiale. 1940, l'année du dilemme, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld); 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 420-429.
  • Bernier Arcand, Philippe, (2010). L'exil québécois du gouvernement du Luxembourg. Histoire Québec, 15(3), 2010, S.19-26.
  • Emil Haag & Emile Krier, 1940: L'année du dilemme - La grande-duchesse et son gouvernement pendant la Deuxième Guerre mondiale ; Lëtzebuerg (RTL édition), 1987.
  • Georges Heisbourg, Le gouvernement luxembourgeois en exil ; 4 Bänn [I -> 1940; II -> 1941; III -> 1942-43; IV -> 1943-44]; Lëtzebuerg (St.-Paulus-Verlag), I: 1986, II: 1987, III: 1989, IV: 1991.
  • Henri Koch-Kent, Vu et entendu. Band 2: Années d'exil. 1940–1944, 1986.
  • 1942: Luxembourg Grey Book, Luxembourg and the German Invasion before and after, Hutchinson & Co, London, vun der Exilregierung publizéiert. Fir ze liese bei archive.org.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lëtzebuerger Exilregierung – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Den Nicolas Margue vun der Rietspartei, Minister fir Erzéiung, Landwirtschaft a Kultus, hat et, aus wat fir Grënn och ëmmer, net gepackt fir zur Zäit ze flüchten a koum net méi iwwer d'belsch Grenz.