Lëtzebuerger Fligereimusée zu Munneref

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Pavillon vun der Kind-Quell am Park vum Thermalbad zu Munneref.
Erënnerungsplack un d'"semaine d'aviation" vun 1910.

De Lëtzebuerger Fligereimusée zu Munneref, op Franséisch Musée de l'aviation luxembourgeoise, ass deen éischte Musée zu Lëtzebuerg, dee sech mat der Fligerei am Ländche beschäftegt. De Fligereimusée huet de 15. Juni 2012 seng Dieren am Pavillon vun der Kind-Quell am Park vum Thermalbad zu Munneref opgemaach.

Zu den Haapttheme vum Musée gehéiert den 1. groussen internationale Meeting vun der Fligerei zu Munneref am Joer 1910, dee sengerzäit op Bedreiwe vum Charles Bettendorf op deem senger Proprietéit ofgehale gouf.

De Musée gëtt vum Veräin Association luxembourgeoise pour le maintien du patrimoine aéronautique bedriwwen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]