Lëtzebuerger Katalanenzentrum

Vu Wikipedia

De Lëtzebuerger Katalanenzentrum, och Centre Català de Luxemburg (CCL), ass eng katalounesch Vereenegung mat Sëtz zu Lëtzebuerg, déi vun der Generalitat de Catalunya unerkannt ass. Dës Vereenegung gouf am Oktober 1987 gegrënnt.

Zanter hirer Grënnung waren d'Haaptziler: éischtens d'Verbreede vu katalounescher Sprooch, Kultur a Bräich zu Lëtzebuerg an de Grenzregiounen, zweetens d'Integratioun vun de katalounesche Gemeinschaften am Lëtzebuerger Land.

Dofir rifft den CCL e sëllegen Aktivitéiten an d'Liewen, déi eng breet Participatioun vun den Awunner vu Lëtzebuerg erméiglechen. Den CCL huet bis elo Concerten, Konferenzen, Ausstellungen, katalounesch Sproochecoursen (fir Kanner an Erwuessener), Kino (wéi zanter 1992 den Cicle de cinema català) a Volleksfester (Mënschentierm, Havaneras, Sardanas,...) organiséiert.

Den CCL ass Member vun der FIEC (Federació Internacional d'Entitats Catalanes) déi déi katalounesch Associatiounen uechter d'Welt vereenegt. Ee Member vum CCL ass och Member vum Consell Consultiu de les Comunitats Catalanes a l'estranger. Bis 2019 si fënnef Membere vum CCL mam Präis Batista i Roca geéiert ginn dee vum Institut fir d'Verbreedung vun der katalounescher Kultur am Ausland verdeelt gëtt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]