Op den Inhalt sprangen

Lëtzebuerger Nationalarchiven

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Lëtzebuerger Nationalarchiv)
Lëtzebuerger Nationalarchiven
D'Nationalarchiven an der Stad
ANLux
Land Lëtzebuerg
Secteur Kultur
Leedung Josée Kirps
Ënnersteet der/dem Ministère de la Culture
Um Spaweck http://www.anlux.lu

D'Lëtzebuerger Nationalarchiven, offiziell Archives nationales de Luxembourg, ofgekierzt ANLux, sinn d'Nationalarchive vum Lëtzebuerger Land[1].

D'Nationalarchive sinn en Deel vum historesche Gediechtnes vum Land a vun der Lëtzebuerger Gesellschaft. Déi Archivdokumenter, déi an den ANLux versuergt ginn, sinn Zeie vun der politescher, reliéiser, kultureller, sozialer a wirtschaftlecher Geschicht vum Grand-Duché. D'ANLux gehéieren zu de staatleche Kulturinstituter an ënnerstinn dem Kulturministère[2].

Si sinn an der aler Kasär vun der Fräiwëllegekompanie um Helleg-Geescht-Plateau[3] an der Stad Lëtzebuerg ënnerbruecht, engem Gebai, dat als Militärlazarett gebaut gouf.

Am Mäerz 2022 gouf mam Bau vun engem neie Gebai um Belval ugefaangen. Et soll 2025 fäerdeg sinn.[4]

An der Zäit vum Herzogtum Lëtzebuerg gouf et keen zentraalt Archiv: D'Abteien, d'Grofen, de Provënzialrot, d'Gouverneuren hunn all hir eegen Dokumenter versuergt. Wéi an der Folleg vun der Franséischer Revolutioun 1796 d'Bëscherdepartement gegrënnt gouf, krut d'Prefektur dovun d'Aufgab, en Archiv ze halen, an d'Archiver vun den opgeléisten Abteien an ofgeschafenen Institutioune goufen dohinner transferéiert.[5]

Bei der Grënnung vum Groussherzogtum Lëtzebuerg, 1815, blouwen d'Archiver am Regierungspalais (dem haitege Groussherzogleche Palais) an am Justizpalais. 1829 huet de Gouverneur Jean-Georges Willmar se fir intresséiert Fuerscher zougänglech gemaach. 1840 kruten dës Archiver den Numm "Regierungsarchiver" (Archives du gouvernement). 1869 ass déi ganz Regierungsverwaltung an de Refuge Sankt Maximin geplënnert, an d'Regierungsarchive koumen do op den 2. Stack. 1884 gouf am Haff vum Hotel Sankt Maximin eng Annex fir d'Archiver gebaut, déi dann duer geplënnert sinn. 1933 gouf dann den Hôtel des Terres Rouges déi nei Plaz wou s'ënnerkoumen.[5]

D'Gesetz vum 5. Dezember 1958 iwwer d'Organisatioun vun der Nationalbibliothéik an de Staastarchiven huet dësen hiren Numm "Staatsarchiven" (Archives de l'Etat) ginn a festgehalen datt s' aus zwéin Deeler bestinn: engersäits aus den historeschen Archive mat alen Dokumenter iwwer d'Lëtzebuerger Geschicht an anerersäits aus den administrativen Archive mat den Dossiere vun deene sech d'Verwaltunge getrennt hunn. Weider huet dat Gesetz festgeluecht datt d'Direktioun vun engem Professer vum Secondairesenseignement assuréiert géif.

Duerch d'Gesetz vum 27. Februar 1965 gouf dat vun 1958 ëmgeännert an erweidert. Dat neit Gesetz huet d'Plaze vum Direkter vun de Staatsarchiven a vum Direkter vun der Nationalbibliothéik geschaaft.

1968 sinn d'Staatsarchiven an déi fréier Kasären um Hellege-Geescht Plateau geplënnert, wou se bis d'Mëtt vun den 2020er Jore bleiwe wäerten.

D'Staatsarchiven (Archives de l'Etat) kruten duerch d'Gesetz vum 8. Dezember 1988 iwwer d'Reorganisatioun vun de Kulturinstituter vum Staat, déi nei Bezeechnung "Nationalarchiven" (Archives nationales), déi se bis haut hunn.

D'Gesetz vum 25. Juni 2004 iwwer Reorganisatioun vun de staatleche Kulturinstituter[6] definéiert d'Missioune vun den Nationalarchiven:

  • si sammelen Dokumenter vun nationalem historeschen Interessi
  • si konservéieren, klasséieren, inventoriséieren ëffentlech Archive fir se fir historesch a Verwaltungszwecker benotzen ze kënnen.
  • si huele Privatarchiven op
  • si berode staatlech Verwaltungen, Gemengen a Privatpersounen an -organisatiounen a Saachen Archivage

De Nationalarchiv füügt sech an e Reseau vu Kulturinstituter an, deen aus Bibliothéiken, Mediathéiken a Muséeë besteet an dat kulturellt, intellektuellt a soziaalt Liewen zu Lëtzebuerg animéiert.

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.


Well et och an der Welt vum Archivage an de leschte Joren zu gréissere Changementer koum an d'Aarbecht vun den Nationalarchive sech verännert huet, gouf 2015 en neit Archivgesetz ausgeschafft. De Projet dozou gouf den 30. Oktober 2015 vum Ministerrot adoptéiert. E gesäit vir, datt ëffentlech Ariichtungen hir Archiven den Nationalarchiven iwwerloosse mussen. Nieft Reegelen, wéi Archive fachgerecht traitéiert ginn, sinn och Dispositioune virgesinn, déi d'Erhale vu privaten Archiven, déi historesch intressant sinn, viséieren. Chamber, Staatsrot, Geriichter a Gemenge verwalte weiderhi selwer hir Archiven; si kënnen awer mat den Nationalarchiven zesummeschaffen[7].

Archivdokumenter a Fongen

[änneren | Quelltext änneren]

An den Depote vun den ANLux sinn am Ament[8] zirka 45 km un Archivdokumenter an zirka 30.000 Mikrofilmer. Fir d'Gestioun vun dëse Fongen z'erliichteren, si se op 6 Sektiounen opgedeelt:

  • Section ancienne
  • Section moderne
  • Section contemporaine
  • Section administrative
  • Section économique
  • Section iconographique

Accès zu den Archivdokumenter

[änneren | Quelltext änneren]

All Persoun, déi eng Carte de lecteur huet, däerf Archivdokumenter kucken. Eng Carte de lecteur kann ee gratis an den ANLux kréien.

De Règlement grand-ducal vum 15 Januar 2001[9] reegelt d'Consultatioun vun Archivdokumenter. Am Prinzip - ofgesi vun deenen am Reglement festgeschriwwenen Ausnamen - sinn all Dokumenter 30 Joer no hirer Kreatioun fräi am Liessall ze gesinn.

Den Accès zu Privatarchiven ass an engem Vertrag tëscht den ANLux an dem Proprietär vun den Archive gereegelt. All privat Persoun, Gesellschaft oder Vereenegung déi Privatarchiven huet, déi méiglecherweis en nationalen historesche Wäert hunn, ka sech un d'ANLux wenden. Déi Responsabel evaluéieren des Dokumenter[10] a setzen se ënner Ëmstänn bei den nationalen historesche Patrimoine dobäi.

Fir eng laangfristeg Conservatioun vun den Dokumenter ze garantéieren hunn d'ANLux d'Recht, eenzel Dokumenter oder Fonge fir eng begrenzt Zäit aus der Consultatioun erauszehuelen.

Valoriséierung vum historesche Patrimoine

[änneren | Quelltext änneren]

D'Nationalarchive bedeelege sech aktiv u wëssenschaftlechen an historesche Fuerschungsprojete wéi zum Beispill dem Projet Terres rouges – Histoire de la sidérurgie luxembourgeoise, dee sech mat der Entwécklung vun de Minièren an der Siderurgie zu Lëtzebuerg auserneesetzt.

Fir den, dacks wéineg bekannte Patrimoine an hiren Depote méi ëffentlech ze maachen, organiséieren d'ANLux reegelméisseg Ausstellungen a Konferenzen oder verëffentleche Bicher iwwer d'Geschicht vum Grand-Duché. Visite guidéeën erméiglechen et, fir Originaldokumenter vu wichtegen historeschen Ereegnesser vu ganz no z'entdecken. Schoulklassen an aner Gruppe mat Kanner oder Jugendleche kënnen u pedagogeschen Atelieren deelhuelen.

Zukunftsperspektiven

[änneren | Quelltext änneren]

Wéi fir d'Beruffer alleguer, déi sech mat Informatiouns- a Wëssensmanagement beschäftegen, hat déi technologesch an informatesch Revolutioun och staark Auswierkungen op d'Archivaarbecht. Déi traditionell Konzepter a punkto Sammelen, Erhalen, Verschaffen an Auswäerte vun Archiven hu missen iwwerduecht ginn. Grouss Efforte ginn am Moment gemaach, fir ëffentlech a privat Archive gratis online ze setzen an iwwer dëse Wee méiglechst ville Leit zougänglech ze maachen. Aus deem Grond hunn d'Nationalarchiven eng online Sichmaschinn déi et erméiglecht Dokumenter erëmzefannen an numeriséiert Texter, Biller, Toundokumenter mat den entspriechende Metadaten unzekucken. D'Digitalisatioun vun Archivdokumenten ass eng vun den ANLux hire Prioritéiten.

Well an de leschte Joren ëmmer méi Archivdokumenter entstane sinn an dës Entwécklung och an de kommende Jore wäert unhalen, brauchen d'Nationalarchive méi Personal an en neit Gebai fir dësen aktuellen a zukünftegen Erausfuerderungen no ze kommen. 2012 haten d'ANLux hir Depoten am Siège um Hellege-Geescht-Plateau, am Autosparking vum Hellege-Geescht-Plateau an ënner dem Gebai vun der Post op der Gare. Well dëse groussen Depot ënner der Post vun 2014 u huet misse geraumt ginn, kruten d'ANLux Raimlechkeeten zu Bartreng/Bourmicht.

Bauplaz vum neie Gebai um Belval (Dez. 2022).

Zanter 2003 besti Pläng, fir um Belval en neit Gebai fir d'Archiven ze bauen. Am Juni 2005 huet d'Regierung matgedeelt, d'Pläng géifen, aus finanzielle Grënn, ëmgeännert ginn. Am August 2008 sot d'Staatssekretärin fir Kultur Octavie Modert, als Äntwert op eng parlamentaresch Ufro, et wier elo virgesinn de Projet an e puer Etappen ze realiséieren: An enger éischter Phas sollt e Gebai vu 25.000 m² gebaut sinn, wouvun der 20.000 fir d'Stockéiere vun Dokumenter wieren. Wann d'Lagerraim voll wieren (der Staatssekretärin no géingen déi 20.000 m² fir 15 Joer duer), kéinte méi spéit zweemol 5.000 m² Lagerraim bäigebaut ginn. Am Mäerz 2009 hätt sollen deen neie Projet virgestallt ginn. 2012 housch et, datt am Joer 2014 d'Diskussiounen iwwer en neit Gebai erëm sollen opgeholl ginn. Dono gouf et nees jorelaang roueg ëm en Neibau.

Am Mäerz 2020 goufen da konkreet Pläng vun engem Neibau op Belval virgestallt: E kënnt nieft d'Gebai fir ëffentlech Verwaltunge stoen, a soll 105 Regal-Kilometer Plaz fir Dokumenter bidden. Dofir ass eng Fläch vun 12.250 Quadratmeter virgesinn, op siwe Stäck. Virum Dokumente-Silo ass eng méi kleng Struktur vun am Ganzen 1.300 Quadratmeter, déi virun allem fir den Accueil vum Publikum virgesinn ass, dorënner e Liessall fir knapps 50 Leit, an e Multimediasall. Den 23. Juli 2020 huet d'Chamber d'Gesetz fir de Bau gestëmmt.[11] D'Pläng vum neie Gebai, dat 77 Milliounen Euro kaschte soll, si vum Paul Bretz.[12] Den 3. Mäerz 2022 hunn de Bauteminister François Bausch an d'Kulturministesch Sam Tanson de Grondstee geluecht; d'Bauaarbechte solle bis 2025 daueren.[13]

Commons: Lëtzebuerger Nationalarchiven – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Ob "Archiv" (Eenzuel) oder "Archiven" (Méizuel) hänkt vum sproochleche Virbild of: Op Franséisch sinn et "Archives nationales", op Däitsch en "Nationalarchiv"
  2. Loi du 16 décembre 2022 portant modification de la loi modifiée du 25 juin 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l'État. data.legilux.public.lu (16.12.2022). Gekuckt de(n) 20.12.2022.
  3. Accès
  4. "Éischte Spuedestéch fir neit Nationalarchiv ass gemaach." De Journal, rtl.lu, 22.03.2022.
  5. 5,0 5,1 Panneaue laanscht de Schantche vum Neibau fir d'Archiver, um Belval (keen Auteur uginn). Gelies: 2022-12-20.
  6. Loi du 25 juin 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l'Etat. data.legilux.public.lu (25.06.2004). Gekuckt de(n) 20.12.2022.
  7. "Maggy Nagel a présenté le projet de loi sur l'archivage." Communiqué op gouvernement.lu, 04.11.2015 (15:00).
  8. Den 12.06.2014 cf. Websäit vun den Archiven
  9. De Règlement grand-ducal vum 15 Januar 2001 Archivéiert de(n) 2011-08-17. Gekuckt de(n) 2012-08-08.
  10. [1]
  11. "La construction du nouveau bâtiment des ANLux à Esch-Belval a été adoptée." Communiqué vum Mobilitéits- a Bauteministère, 24.07.2020.
  12. Diana Hoffmann. "Nationalarchiv wird in Belval gebaut." wort.lu, 12.03.2020.
  13. Raymond Schmit: "Grundstein für neues Staatsarchiv in Belval gelegt.* 6. Mäerz 2022.