Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (Gebai)

Vu Wikipedia
Lëtzebuerger Nationalbibliothéik
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Kierchbierg
Adress 37D, Avenue John F. Kennedy
Koordinaten 49°37'47,0"N, 6°9'54,7"O
Fläch 7.950 Quadratmeter
Architekt(en) Bolles+Wilson
Datum vum Bau 2019
Opgaangen 30. September 2019

D'Gebai vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik ass e Gebai um Kierchbierg an der Stad Lëtzebuerg, um Eck vun der Avenue John F. Kennedy an dem Boulevard Konrad Adenauer, an deem zanter dem 1. Oktober 2019 d'Lëtzebuerger Nationalbibliothéik installéiert ass.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Well d'Raimlechkeete vun der Nationalbibliothéik am Gebai vum Ale Kolléisch an der Uewerstad mat der Zäit ze kleng gi waren an d'Bestänn, nieft dem Haaptgebai bei der Kathedral, nach an Annexe verspreet oder provisoresch op Plaze stockéiert goufen, déi net dofir gëeegent waren, huet d'Chamber 1998 e Gesetz gestëmmt[1], fir d'Nationalbibliothéik ze splécken an en Deel an enger neier Annex um Kierchbierg ënnerzebréngen. Dat Gesetz gouf zwar ni revoquéiert, mä d'Regierung huet 2002 decidéiert, datt et besser wier, alles an engem eenzege Gebai ënnerzebréngen, nämlech am sougenannte Schuman-Gebai, tëscht der Philharmonie an dem Mudam, dat dofir ëmgebaut soll ginn. Dofir gouf en Architekteconcours ausgeschriwwen, Gewënner war de Projet vu Bolles-Wilson.

Mä och do ass näischt draus ginn[2]. Et huet sech erausgestallt, datt et op d'mannst bis 2020 dauere géif, bis den Ëmbau fäerdeg wier, an dofir ass eng nei Léisung gesicht ginn. Et gouf kuerz iwwerluecht, d'Nationalbibliothéik mat der neier Universitéitsbibliothéik zu enger Bibliothèque nationale et universitaire zesummenzeleeën; dës Iddi gouf awer nees verworf[2] an d'Unisbibliothéik koum 2017 an d'Maison du livre (Luxembourg Learning Centre) um Belval.

A senger Ried zu der Lag vun der Natioun vum 5. Mee 2010 huet de Premier Jean-Claude Juncker ugekënnegt, datt 2014 bei d'Kräizung Bricherhaff um Kierchbierg en neit Gebai fir d'Nationalbibliothéik gebaut sollt ginn. Den 18. Mäerz 2013 huet d'Chamber dat entspriechend Gesetz gestëmmt.

D'Bauaarbechten um Bricherhaff hunn am Juni 2014 ugefaangen a bis 2019 gedauert; 112 Milliounen Euro waren dofir virgesinn (inklusiv dem Ekipement). Architekte sinn, ouni Concours, Bolles+Wilson.

Dat neit Gebai um Bricherhaff ass den 30. September 2019 ageweit an deen Dag drop fir de Public opgemaach ginn.[3] Bis Enn dës Joers gouf et vu ronn 75.000 Leit besicht, bal esou vill wéi dat aalt Gebai am ganze Joer 2018.[4]

Architektur[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai vu baussen[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai ass mat grousse bëtongs Panneauen agekleet déi him eng monolithesch Identitéit ginn an als bestänneg Presenz als Kulturinstitut ze verstoe sinn, am Géigesaz zu de gliesenen, ephemere Bürosgebaier ronderëm. Déi eenzel Routtéin vun der Fassad hänken dovun of, mat wat d'Panneaue behandelt goufen: entweeder mat Waasser oder mat Sand ofgestraalt oder mat Saier traitéiert. D'Gabiounen op der Säit vum Boulevard Konrad Adenauer, déi mat lokale Steng gefëllt sinn, droen derzou bäi, fir thermesch Aflëss aus de Kelleren, wou d'Magasénger sinn, erauszehalen.

D'Gebai bannen[änneren | Quelltext änneren]

Bannen am Gebai gouf vill op - deelweis perforéiert - Verkleedungen aus Eechenholz zeréckgegraff déi, zesumme mam engem donkelbloen Tapis plain um Buedem, fir eng gutt Schalldämpfung suergen. D'Regaler an d'Miwwele si prinzipiell wäiss an hu gemenkerhand och en Uschloss fir elektronesch Apparater.

Et gëtt Aarbechtsnische fir Gruppen (Carrellen), Still, Fotellen a Couchen, wou jidderee liesen oder recherchéiere ka wéi et him am beschte gefält. E rout dekoréierte Raum ass speziell ageriicht fir do besonnesch wäertvoll Wierker ze consultéieren. An der Mediathéik gëtt et speziell isoléiert Kabinnen an deenen een z. B. Lauschterbicher ofspille kann.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (Gebai) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 28 décembre 1988 portant réorganisation des instituts culturels de l'Etat. legilux.public.lu (28/12/1988). Gekuckt de(n) 01/10/2019.
  2. 2,0 2,1 Vom Boulevard Roosevelt zur Avenue Kennedy. land.lu (11.01.2013). Gekuckt de(n) 01/10/2019.
  3. "Inauguration du nouveau bâtiment de la BnL." Actualités op bnl.public.lu, 30.09.2019.
  4. "Déjà plus de 75.000 visiteurs à la BnL." wort.lu, 01.01.2020.