Lëtzebuerger Nationalitéit

Vu Wikipedia
Dësen Droitsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

D'Lëtzebuerger Nationalitéit kann een duerch verschidde Bestëmmunge vum Nationalitéitegesetz vum 23.10.2008, d'Office hunn oder et kann ee s'op Ufro duerch Naturalisatioun kréien, wann een déi Konditiounen déi dofir virgesi sinn, erfëllt.

Dem Gesetz no ass Lëtzebuerger:

  • duerch Gebuert, an zwar:
  1. e Kand, vun deem op d'mannst een Elterendeel Lëtzebuerger ass, egal, op et zu Lëtzebuerg oder am Ausland gebuer gouf;
  2. e Kand, dat vun onbekannten Elteren zu Lëtzebuerg gebuer gouf (oder do fonnt gouf, a vun deem ausgaange gëtt, datt et do gebuer gouf);
  3. e Kand, dat zu Lëtzebuerg gebuer gouf, an deem seng Elteren Apatride sinn;
  4. e Kand, dat zu Lëtzebuerg vun auslänneschen Eltere gebuer ass, mä bei deenen d'Gesetzer vum Land, wou se hier sinn, et onméiglech maachen, datt hiert Kand hir Nationalitéit kréich;
  5. e Kand, vun auslänneschen Elteren, dat zu Lëtzebuerg gebuer ass, wouvun ee vun den Eltere schonn zu Lëtzebuerg gebuer gouf.[1]
  • duerch Optioun, an zwar:
  1. e Mannerjäregen, dee vun engem Lëtzebuerger adoptéiert gouf;
  2. e Mannerjäregen, deem säin Elterendeel (oder Adoptivelterendeel) déi Lëtzebuerger Nationalitéit kritt oder erëmkritt;
  3. e Mannerjäregen, deem säin Elterendeel duerch Adoptioun (wéi bei 1) Lëtzebuerger gouf.[2]
  • duerch Originn, an zwar,

0 wann ee virum 1. Januar 1920 zu Lëtzebuerg gebuer ass.

  • duerch Naturalisatioun, déi een ufroe muss, woubäi et de Justizminister ass, deen driwwer decidéiert ob ee se kritt.[3]

Follgend Konditioune mussen dofir erfëllt sinn:

Et muss een:

  1. 18 Joer hunn;
    1. virdrun op d'mannst 7 Joer legal an onënnerbrach am Land gelieft hunn, oder
    2. op d'mannst 7 Joer vu senger Schoulzäit zu Lëtzebuerg an enger Schoul vum Lëtzebuerger Schoulsystem verbruecht hunn, oder
    3. zanter op d'mannst dem 31. Dezember 1984 eng Openthaltsgeneemegung am Land hunn.
  2. aktiv a passiv op d'mannst eng vun den dräi Landessprooche kennen, an en Test iwwer Kenntnesser am Lëtzebuergesche gepackt hunn (Niveau B1 fir d'Verstoen an A2 fir d'Schwätzen);
  3. op d'mannst dräi Instruction-civique-Course besicht hunn, wouvun een iwwer d'Institutiounen an een iwwer d'Grondrechter muss sinn.

Dobäi däerf een net virdrun zu enger Prisongsstrof vun iwwer engem Joer verurteelt gi sinn, woubäi dës Strofdot och zu Lëtzebuerg als sollech ugesi muss ginn, et sief, dës Dot léich méi wéi 15 Joer zeréck.[4]

An Ausnamefäll kann een d'Nationalitéit och duerch Naturalisatioun kréien, wann ee besonnesch Verdéngschter fir d'Land geleescht huet, oder op Propos vun der Regierung.

  • duerch Erëmkréien, wann ee vun Originn hir Lëtzebuerger war, mä dës Nationalitéit méi spéit verluer hat.

Geschicht vun der Lëtzebuerger Nationalitéit[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Scuto, Denis: La nationalité luxembourgeoise (XIXe-XXIe siècle). Bruxelles, Éditions de l'ULB, 2012.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Artikel 1 vum Nationalitéitegesetz vum 23. 10. 2008. (Loi du 23 octobre 2008 sur la nationalité luxembourgeoise; Mémorial A n° 158 vum 27.10.2008).
  2. Artikel 2 vum Nationalitéitegesetz vum 23. 10. 2008.
  3. Artikel 5 vum Nationalitéitegesetz vum 23. 10. 2008.
  4. Artikel 6 a 7 vum Nationalitéitegesetz vum 23. 10. 2008.