Lëtzebuergesch Wirtschaftsstruktur

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Ekonomisten ënnerscheeden am Allgemengen am Zesummenhang mat der Wirtschaftsstruktur vun engem Land dräi grouss Sectoren:

Dat gëllt natierlech och fir Lëtzebuerg.

De STATEC huet eng Graphik publizéiert, aus där däitlech, am Laf vun der Zäit, d' radikal Ëmschichtung vun der Lëtzebuerger aktiver Bevëlkerung vum Primären an de Sekondären an duerno an den Tertiäre Wirtschaftssektor ervirgeet:

Graphik vum STATEC

Während 1870 nach nëmme knapps 20 % vun de Lëtzebuerger Aktiven an de Servicer beschäftegt waren, ass hire Prozentsaz op bal 80 % am Joer 2001 geklommen. D'Entwécklung vu Lëtzebuerg als international Finanzplaz huet vill zu dëser Evolutioun bäigedroen. Laut STATEC, hunn déi eenzel Branchen 2001 zur nationaler Wäertschafung am folgende Mooss bäigedroen (an Prozenter):

  • Agrarwirtschaft: 0,6 %
  • Industrie a Konstruktioun: 17,9 %
  • Commerce: 22,4 %
  • Finanzsektor: 43,1 %
  • Aner Dengschtleeschtungen; 16,0 %
  • Total: 100,0 %

Aus all den Zuele gëtt geschloss, datt d'Industriestruktur zwar diversifizéiert ginn ass. Et huet awer net verhënnert, datt d'Siderurgie am Kader vun der Rekonversioun zwar hiert Iwwergewiicht verluer huet, d'Lëtzebuerger Ekonomie haut awer mat engem aneren Monolithismus neier Aart konfrontéiert ass, deem vun dem Finanzsektor. Dëst ass eben eng Charakteristik, mat där Ekonomien an engem klenge Raum liewe mussen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt de Portrait, deen de STATEC vun der Lëtzebuerger Ekonomie zeechent