Op den Inhalt sprangen

Lëtzebuergesch Dammefoussballnationalekipp

Vu Wikipedia
Lëtzebuerg
Logo
Spëtznumm: D'Rout Léiwinnen
(Les lionnes rouges,
Die Roten Löwinnen)
Federatioun:FLF
Trainer:Cristina Correia, Daniel Zirbes
Meescht Matcher: Amy Thompson (54)
Meescht Goler: Amy Thompson (36)
Stadion: Stadion vu Lëtzebuerg
(Stad Lëtzebuerg)
Historesch Matcher
Éischte Match: Lëtzebuerg Slowakei 0–4
18. November 2006, Jonglënster
Héchst Victoire: Tahiti - Lëtzebuerg: 0–11
19. Februar 2022, Molsheim
Héchst Nidderlag: Lëtzebuerg - Polen: 0–12
12. Februar 2014, Kietscht
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform

D'lëtzebuergesch Dammefoussballnationalekipp (Spëtznumm: Rout Léiwinnen) ass eng Selektioun vun de beschte Lëtzebuerger Foussballspillerinnen, déi vun der Fédération luxembourgeoise de football (FLF) ausgewielt ginn. D'Ekipp besteet zënter Juni 2003 a vertrëtt Lëtzebuerg am internationalen Dammefoussball.

D'Ekipp gëtt zënter dem 24. Mäerz 2026 vum Trainerduo Cristina Correia an Daniel Zirbes trainéiert[1] als Nofollger vum Daniel Santos deen d'Rout Léiwinnen zënter dem Summer 2020 trainéiert hat. Dem Santos säi Kontrakt war den 11. Mäerz 2026 wéinst presuméiertem Feelverhale géintiwwer Spillerinne gekënnegt ginn[2].

Am Joer 2006 huet d'Ekipp fir d'éischt Kéier un der Qualifikatioun fir e groussen Tournoi, der UEFA Dammefoussball-Europameeschterschaft 2009, deelgeholl. D'4–2 Victoire géint Malta war déi éischt Victoire fir Lëtzebuerg, an d'Ekipp koum duerno op d'Plaz 60 an der FIFA Weltranglëscht, déi bis elo bescht Plaz déi d'Ekipp erreecht huet. Duerno ass d'Ekipp fir eng Zäit aus dem Ranking erausgefall well se ze mann Matcher gespillt hat, a gouf op der 117. Plaz notéiert. Am August 2025 war s'op der 110. Plaz klasséiert[3]. An der Virronn fir d'Europameeschterschaft 2013 koum d'Ekipp beim Tournoi a Mazedonien op déi drëtt Platz an hirer Grupp. Virun der Weltmeeschterschaft 2011 hunn d'Rout Léiwinnen eng éischt Kéier géint eng Ekipp gespillt, déi net Member vun der UEFA war; de Match géint Equatorialguinea hu se verluer. An der Prequalifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft 2015 huet d'Ekipp et net fäerdeg bruecht, sech fir déi eigentlech Qualifikatioun duerchzesetzen: op Malta gouf et just en 0–0 Gläichstand géint Lettland. A Moldawie koum d'Ekipp an der Prequalifikatioun fir d'EM 2017 op déi lescht Plaz an hirer Grupp. Och an der Prequalifikatioun fir d'WM 2019 ass d'Ekipp op der leschter Plaz gelant a krut keng Punkten.

2025 waren d'Léiwinnen dunn awer déi Éischtplacéiert an der Grupp C3 vun der UEFA Women's Nations League an hunn et domat gepackt fir an d'Liga B opzesteigen.

Aktuelle Kader

[änneren | Quelltext änneren]

(Stand 1. Dezember 2025)

Nr. Numm Veräin Gebuertsdatum Asätz Goler
Gol
1 Emma Goetz Éisträich, FK Austria Wien 6. Januar 2006 2 0
23 Lisi Oberweis Lëtzebuerg, FC Mamer 32 8. November 1998 1 0
Lucie Schlimé Däitschland, SC Sand 19. September 2003 36 0
12 Joy Jung Lëtzebuerg, Swift Hesper 17. Mäerz 2006 3 0
Ofwier
3 Amal Cherkane Lëtzebuerg, Sporting Beetebuerg 16. September 2004 4 0
5 Emma Kremer Däitschland, Vorwärts Spoho Köln 28. Juli 2000 34 1
15 Leticia Mateus Lëtzebuerg, Jeunesse Jonglënster 31. Juli 2004 14 0
? Rita Sousa Leite Portugal, FC Tirsense 14. Juli 1997 12 1
? Liane Freymann Däitschland, SV Deutz 05 3. November 2001 2 0
4 Andreia Silva Machado Lëtzebuerg, Racing FC Union Lëtzebuerg 1. Abrëll 1995 32 3
22 Kimberly Dos Santos Däitschland, 1. FC Saarbrécken 26. Februar 1998 48 4
? Andreia Faria Dos Santos Lëtzebuerg, Swift Hesper 23. September 2003 3 0
Mëttelfeld
6 Marta Estevez Garcia Lëtzebuerg, Racing FC Union Lëtzebuerg 5. Juni 1997 51 7
10 Laura Miller (Kapitänin) Däitschland, 1. FC Nürnberg 7. Dezember 2001 37 7
11 Charlotte Schmit Portugal, Sporting Lissabon 17. Januar 2006 30 3
? Gioia Fiorucci Lëtzebuerg, UN Käerjeng 97 23. Dezember 2003 2 0
8 Edina Kocan Lëtzebuerg, Racing FC Union Lëtzebuerg 27. Februar 2002 21 0
18 Catarina Teixeira Lavinas Däitschland, SV 07 Elversberg 28. September 2002 17 0
Stuerm
7 Joana Lourenco Magalhaes Lëtzebuerg, Young Boys Dikrech 4. Juni 2004 35 10
17 Caroline Jorge Magalhaes Lëtzebuerg, Racing FC Union Lëtzebuerg 19. November 2005    30 5
19 Rachel Kirps Däitschland, SV 07 Elversberg 1. Dezember 2005 8 1
? Anouchka Besch Lëtzebuerg, FC Jeunesse Jonglënster 29. Oktober 1999 10 0
20 Hannah Dietrich Däitschland, 1. FC Saarbrécken 25. November 2009 4 1
9 Amy Thompson Lëtzebuerg, FC Déifferdeng 03 28. Juli 1994 54 36
Virdrun Sportsekipp vum Joer Duerno
Dammebasketballnationalekipp 2025 --
 Commons: Lëtzebuergesch Dammefoussballnationalekipp – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (en) CRISTINA CORREIA ET DANIEL ZIRBES À LA TÊTE DES ROUT LÉIWINNEN - post - Fédération Luxembourgeoise de Football. www.flf.lu. Gekuckt den 01.04.2026.
  2. (en) RÉSILIATION DU CONTRAT DE L'ENTRAÎNEUR DE LA SÉLECTION NATIONALE DES DAMES - post - Fédération Luxembourgeoise de Football. www.flf.lu. Gekuckt den 01.04.2026.
  3. (de) Aktuelle Weltrangliste der Frauen. inside.fifa.com (07.08.2025). Gekuckt de 05.12.2025.