Lëtzebuerger Gesellschaft fir Barockmusek
| Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Lëtzebuerger Gesellschaft fir Barockmusek | |
|---|---|
| Rechtsform | Association sans but lucratif |
| RCS | F4157 |
|
| |
D'Lëtzebuerger Gesellschaft fir Barockmusek (LGBM), (eege Schreifweis Letzeburger Gesellschaft fir Barockmusek) ass eng lëtzebuergesch ASBL déi den 22. Februar 1994 gegrënnt gouf. Se déngt der Fleeg vun der Barockmusek am Lëtzebuerger Land an och an der Groussregioun.
Zum Veräin gehéiert de Barockorchester Ensemble Baroque du Luxembourg (EBL). Dem LGBM ass eng authentesch Opféierung vu barocker, och genannt, aler Musek a Gesang wichteg. Dobäi gëtt besonnesch op Stil an op Originalinstrumenter Wäert geluecht. Den LGBM organiséiert Concerten, ass awer virun allem Coordinateur, sou datt Museker, Musekswëssenschaftler, Organisateuren an Interessenten hei déi néideg Ënnerstëtzung fannen, fir hir eegen Opféierungen a Konferenzen z'organiséieren.
De Veräin ass am Handelsregëster mat « en procédure de dissolution administrative sans liquidation » gekennzeechent(Stand: Oktober 2025).
Ziler vum Veräin
[änneren | Quelltext änneren]D'Haaptziler vum Veräi sinn:
„L'association a pour objet de favoriser la recherche et la pratique et de promouvoir la connaissance de la musique ancienne interprétée sur instruments d'époque. Elle s'efforcera à soutenir et à promouvoir des ensembles luxembourgéois pratiquant cette musique. Elle peut organiser des concerts, cycles, festivals, séminaires, conférencesset en général toute manifestation s'inscrivant dans le cadre de son objet. Elle peut s'associer à toute organisation nationale, étrangère ou internationale poursuivant un but analogue ou comparable au sien.“
