La Monnaie/De Munt

Vu Wikipedia
La Monnaie/De Munt
Land Belsch
Gemeng Bréissel
Plaz Pentagon
Koordinaten 50°50'58,499"N, 4°21'15,001"O
Baustil neoklassizistesch Architektur
Opgaangen 17. Oktober 1700

La Monnaie (Théâtre Royal de la Monnaie) oder De Munt (Koninklijke Muntschouwburg) ass d'Operenhaus vu Bréissel.

Dat éischt Gebai gouf géint 1700 no Pläng vun de venezianeschen Architekte Paolo a Pietro Bezzi opgeriicht op der Plaz, wou virdrun d'Mënz geklappt gouf, dohier säin Numm. Et hat am 18. Joerhondert de Ruff, eent vun de schéinsten Theatergebaier vun Europa ze sinn. 1818 huet d'Stad Bréissel en neien Theater hanner dem alen opriichte gelooss. Dat Operenhaus, wéi et nach haut do steet, ass vun 1855, wéi en neien Theatersall huet misse gebaut ginn, well dësen duerch e Feier zerstéiert gi war.

Et gouf 1985 no de Pläng vum Lécker Architekt Charles Vandenhove renovéiert.

D'Monnaie/De Munt huet eng Schlësselroll an der belscher Geschicht gespillt, well do de 25. August 1830, wéi d'Oper La muette de Portici vum Daniel-François-Esprit Auber gespillt gouf, d'Publikum duerch den Duett Amour Sacré de la Patrie sou exitéiert gouf, datt et „Aux armes! Aux armes!“ geruff huet an domat d'Belsch Revolutioun ausgeléist huet, déi dozou gefouert huet, datt d'Land vun Holland onofhängeg gouf.

D'Monnaie/De Munt ass hautdesdaags eent vun de renoméiersten Operenhaiser vun Europa, zanter datt de Maurice Béjart 1960 do säi Ballet du XXe siècle an d'Liewe geruff huet an och ënner der Generaldirektioun vum Gérard Mortier (1982 bis 1992).
2011 gouf d'Monnaie/De Munt, als éischt Operebün aus dem net däitschsproochege Raum, vun de Lieser vun der däitscher Zäitschreft Opernwelt, Opernhaus des Jahres gewielt.

Direkter ass zanter dem 1. August 2007 de Peter de Caluwe, virdru war et de Bernard Foccroulle. De japaneschen Dirigent Kazushi Ono ass fir d'musikalesch Leedung zoustänneg.

Koordinaten:50° 50’ 59’’ N 04° 21’ 14’’ O

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: La Monnaie – Biller, Videoen oder Audiodateien