Renaissance (Partei)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) La République en marche)
Renaissance
Gegrënnt 6. Abrëll 2016
Parteizentral 99, rue de l'Abbé-Groult
75015 Paris
Politesch Positioun Mëtt
Faarwen Schwaarz a Wäiss
Websäit
en-marche.fr

Renaissance ass zanter dem 5. Mee 2022 den Numm vun enger franséischer politescher Partei, déi als En marche! de 6. Abrëll 2016 vum deemolege Wirtschaftsminister Emmanuel Macron als Beweegung gegrënnt gi war (seng Initiale sinn déi selwecht wéi déi vun En Marche), an den 8. Mee 2017 an eng Partei mam Numm La République en marche !' ëmgenannt gouf.

Et war eng Plattform, fir Ënnerstëtzung fir seng Kandidatur fir d'Presidentschaftswalen dat Joer drop ze fannen. De 16. November 2016 huet de Macron offiziell seng Kandidatur agereecht.

Nodeems de Macron den 8. Mee 2017 zum Staatspresident gewielt gi war, huet hien d'Presidence vun En Marche opginn, an d'Beweegung huet sech an d'Partei mam Numm La République en marche ! ëmbenannt. D'Catherine Barbaroux gouf, bis de Grënnungskongress am Juli 2017, provisoresch Presidentin.

Bei de Parlamentswale vum 11./18. Juni 2017 krut d'LREM mat 308 Sëtz d'absolut Majoritéit.

Nodeems de Macron den 28. Abrëll 2022 als President erëmgewielt gouf, gouf am Virfeld vun de Wale fir d'Assemblée nationale, d'Partei op den haitegen Numm ëmgenannt.

Ausriichtung[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Renaissance versteet sech als eng progressistesch Alternativ zum traditionelle lénks-riets markéierte politesche Spektrum. Se huet e sozialliberale Profil.


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]