Op den Inhalt sprangen

La Revue

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Zeitung La Revue vun 1855-1857. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Revue.
La Revue
Journal du Grand-Duché de Luxembourg
Typ Zeitung
Periodizitéit 2 Woch
Sprooch Däitsch,
Franséisch
Éischt Ausgab 1. Februar 1855
Lescht Ausgab 31. Dezember 1857
Editeur Michel Behrens

La Revue. Journal du Grand-Duché de Luxembourg war eng Zeitung an däitscher a franséischer Sprooch, déi tëscht dem 1. Februar 1855 an dem 31. Dezember 1857 zweemol d'Woch, donneschdes a sonndes, zu Lëtzebuerg erauskoum.[1]

Se hat e Format vun 38 × 27 cm a bestoung aus jee 4 Säiten. Editeur an Drécker war de Michel Behrens, deen de Mount virdrun de Luxemburger Journal erausbruecht hat, ma nees no 4 Wochen domat opgehalen hat.

De 26. Abrëll 1857 gouf de Mathias Hardt hire Redakter.

La Revue stoung der Majoritéit an der Chamber no. Se huet déi éischter liberal Verfassung vun 1848 kritiséiert an huet de Staatsstreech vun 1856 ënnerstëtzt.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell, wou net anescht uginn: Hilgert an der Literatur.