Strange

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) La Strange)
Strange
D'Strange zu Salvacourt
Längt 16 km
Originn
Originn Zesummefloss
Plaz Salvacourt
Héicht 457 m
Konfluenz
Leeft an Sauer
Plaz bei Strainchamps
Les Basses Vannes
Héicht 388 m
Geographie
Land Belsch
Regioun Ardennen

D'Strange ass eng Baach an de belschen Ardennen, an der Provënz Lëtzebuerg. Se leeft haaptsächlech um Territoire vun der Gemeng Vaux-sur-Sûre, an et ass e lénksen Niewefloss vun der Sauer.

D'Baach entsteet aus dem Zesummefloss vun zwéi Grief, südlech vun Assenois op enger Héicht vu ronn 457 Meter.

Eng 800 Meter méi déif leeft se duerch déi kleng Uertschaft Salvacourt, wou se och fréier eng Mille gedriwwen huet. Laanscht de Kiem Arel-Baaschtnech leeft se weider op Hompré, wou se Gesellschaft vum Ruisseau de Clochimont kritt.

Se leeft duerno duerch e schmuelen Dall, laanscht de Bois du Vicaire, an de Bois du Harjê. Do leeft da vu riets och de de Ruisseau du Harjê dran. Weider geet et no Süden aus der Gemeng Vaux eraus fir de Rescht vun hirem Laf um Terrain vun der Gemeng Fauvillers ze maachen.

Dobäi kënnt se als éischt laanscht Hollange, wou kuerz virdrun d'Baach mat dem Numm Grandru vu riets draleeft a wou se d'Rad vun der Holler Millen undreift, fir dann um Lieu-dit Les Basses Vannes tëscht Strainchamps an Hotte, op enger Héicht vun 394 Meter an d'Sauer ze lafen.

Se ass 11,5 km laang.