La volante

Vu Wikipedia
La volante
Film
Produktiounsland Frankräich
Belsch,
Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2015
Première 2015
Dauer 87 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Christophe Ali
Nicolas Bonilauri
Dréibuch Christophe Ali
Nicolas Bonilauri
Philippe Blasband
Jacques Sotty
Fotografie Nicolas Massart
Musek Jérôme Lemonnier
Produzent Cinéma Defacto
Artémis Productions
Tarantula Luxembourg
(Tom Dercourt
Sophie Erbs
Patrick Quinet
Donato Rotunno)
Schauspiller
Nathalie Baye als Marie-France
Malik Zidi als Thomas
Johan Leysen als Éric
Sabrina Seyvecou als Audrey
Jean Stan du Pac als Léo
Pierre-Alain Chapuis als Jean-Marc
Hervé Sogne als Pierre
Aïssatou Diop als Iman
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

La volante ass e franséisch-belsch-lëtzebuergesche Spillfilm vum Christophe Ali a vum Nicolas Bonilauri.

En ass den 2. September 2015 a Frankräich erauskomm.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Um Wee fir an d'Maternité, wuer e seng Fra féiert, déi an de Wéien ass, iwwerfiert den Thomas e jonke Mann. Néng Joer dono stellt hien eng nei Sekretärin an, d'Marie-France. Déi mécht hir Aarbecht virbildlech, a si bitt sech un, no an no ëmmer méi kleng Aufgaben am Thomas senger Famill z'iwwerhuelen ...

Soss[änneren | Quelltext änneren]

De Lëtzebuerger Filmfong huet d'Produktioun vum Film mat 1.010.000 Euro ënnerstëtzt.[1]

De Film gouf zu Metz an a Loutrengen, ma och zu Lëtzebuerg, ë. a. zu Munneref (Gemeng), Diddeleng (Schoul), an der Stad Lëtzebuerg an zu Lëlz gedréint.

De Film war bei der 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie "Bescht Fiktiouns-Koproduktioun" nominéiert.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  1. filmfund.lu: Conseil d'administration décisions du 25 juin 2014
  2. cineuropa.org: Luxembourg’s D’Filmakademie unveils nominations for its biennial awards (16. Dezember 2015)