Laange Marsch 1

Vu Wikipedia
Laange Marsch 1

De Laange Marsch 1, kuerz LM-1 (oder CZ-1) ass déi éischt Rakéit an der chineesescher Drorakéitefamill Laange Marsch.

Entwécklung an Opbau[änneren | Quelltext änneren]

D'Entwécklung vun der liichter Drorakéit hat 1965 ugefaangen, woubäi d'éischt an d'zweet Stuf vun der Interkontinentalrakéit CSS-2 (DongFeng-3) stamen. Déi drëtt Stuf mat festem Dreifstoff war eng Neientwécklung. Eng Besonneschheet war d'Zündung vun dëser drëtter Stuf. Si gouf eréischt op der Héicht vum spéidere Perigeum vun der Notzlaascht, wat zirka no 200 Sekonnen undriffsfräiem Fluch nom Brennschluss vun der zweeter Stuf de Fall war, ofgetrennt a gezünnt. An der schwéierloser Phas huet de Rescht vum Dreifstoff vun der zweeter Stuf fir d'Lagereegelung gedéngt. Déi drëtt Stuf gouf vun engem zousätzleche klenge Rakéitenundriff stabiliséiert, dee s'an eng Rotatioun vun zirka 180 Ëmdréiunge pro Minutt, versat huet. Déi éischt Versioun vun der CZ-1 gouf dräimol agesat, woubäi d'Starten ëmmer um Kosmodrom Jiuquan waren. Den éischten Asaz war feelgeschloen, wéi de 16. November 1969 d'Rakéit 69 Sekonne nom Start nach a Siichtwäit vun der Startplaz erofgefall ass. Beim éischten erfollegräiche Start de 24. Abrëll 1970 hat si den éischte chineesesche Satellit Dong Fang Hong I an de Weltraum bruecht.[1] De leschte Start war den 3. Mäerz 1971, woubäi de Fuerschungssatellit ShiJian-1 an de Weltraum bruecht gouf. Si ass dono vun den CZ-2-Rakéiten ofgeléist ginn.

An de spéidere 1990er Jore gouf als Weiderentwécklung d'CZ-1D entwéckelt an agesat. Si hat eng verbessert éischt an zweet Stuf an eng nei drëtt Stuf a konnt sou méi héich Notzlaaschte vun 800 bis 1000 kg an den äerdnoen Orbit bréngen. Si war fir kommerziell Starte geduecht, gouf awer nëmmen dräimol fir suborbital Flich bei Tester vun Neesantrëttkierper agesat. Den éischte Start war den 29. Mee 1995, dee leschte Start war den 3. Januar 2002 a war e Feelschlag.

Technesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

  • Stufen: 3
  • Längt: 29,86 m (CZ-1D: 28,22 m)
  • Startmass: 81,5 t
    • Stuf 1
      • Längt: 17,835 m
      • Duerchmiesser: 2,25 m (4,0 m iwwer d'Flossen)
      • Mass: 65,2 t
      • Dreifstoff: (Salpéitersaier an UDMH) am Ganzen 61 t
      • Dreifwierk: YF-2A mat 4 Brennkummeren
      • Brenndauer: 130 s
      • Startschub: 1020 kN (CZ-1D: 1101 kN)
    • Stuf 2
      • Längt: 7,486 m
      • Duerchmiesser: 2,25 m
      • Mass: 13,5 t
      • Dreifstoff: Salpéitersaier an UDMH am Ganzen 11,2 t
      • Dreifwierk: YF-3
      • Brenndauer: 110 s
      • Schub: 306 kN
    • Stuf 3
      • Längt: 4,565 m
      • Duerchmiesser: 0,77 m
      • Mass: 2,2 t
      • Dreifstoff: Feststoff mat am Ganzen 1,8 t
      • Dreifwierk: FG-02 (CZ-1D: FG-36) mat
      • Brenndauer: 38 s
      • Schub: 181 kN
  • Notzlaascht LEO: 300 kg (CZ-1D: 800–1000 kg)
  • Éischte Start: 16. November 1969

Startlëscht[änneren | Quelltext änneren]

Startdatum
(UTC)
Rakéitentyp Startplaz Notzlaascht Bemierkung
16. November 1969 CZ-1 Kosmodrom Jiuquan, LA2A Dong Fang Hong, Experimentalsatellit Feelschlag Versuch vum éischte chineesesche Satellittestart, Feelfunktioun vun der 2. Stuf, Ofstuerz no 69 Sekonnen
24. Abrëll 1970, 13:35 CZ-1 Kosmodrom Jiuquan, LA2A Dong Fang Hong I (DFH-1), Experimentalsatellit Erfolleg Éischte chineesesche Satellittestart
3. Mäerz 1971, 12:15 CZ-1 Kosmodrom Jiuquan, LA2A Shi Jian 1 (SJ-1), Satellit, 220 Kilogramm Erfolleg Zweete chineesesche Satellittestart, d'Dateniwwerdroung vun de wëssenschaftleche Sensoren hate bis zum Ofstuerz am Joer 1979 funktionéirt
29. Mee 1995 CZ-1D Kosmodrom Taiyuan   Suborbitalen Testfluch vun 1000 km Héicht
1. November 1997 CZ-1D Kosmodrom Taiyuan   Suborbitalen Testfluch vun 1000 km Héicht
3. Januar 2002, 12:15 CZ-1D Kosmodrom Taiyuan   Suborbitalen Testfluch, Feelschlag, hat 100 km Héicht erreecht

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Long March 1 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Eugen Reichl: Das Raketentypenbuch. Motorbuch-Verlag, Stuttgart 2007, ISBN 978-3-613-02788-6.