Op den Inhalt sprangen

Laange Marsch 3

Vu Wikipedia
Eng LM-3B (CZ-3B) beim Start, Kosmodrom Taiyuan 2008

De Laange Marsch 3, kuerz LM-3 oder CZ-3 ass eng Famill vu mëttelschwéieren dräistufegen Drorakéite vun der Laange-Marsch-Rei vun der Volleksrepublik China, déi virun allem fir den Transport vu Satellitten op e geostationären Orbit agesat gëtt. Déi eenzel Versiounen ënnerscheede sech deelweis ganz vill.

DeN Éischte Start vun der CZ-3 war den 29. Januar 1984, woubäi et sech allerdéngs ëm e Feelstart gehandelt hat. Een neie Startversuch vum 8. Abrëll 1984 mam Satellit Dong Fang Hong 2 war erfollegräich.

Déi déizäiteg stäerkste Variant ass d'CZ-3B, déi speziell fir den Transport vu Kommunikatiounssatellitten an d'Geostationär Transferbunn ausgeluecht ass.

De 14. Februar 1996 war eng Rakéit vun dësem Typ mat Intelsat 708 u Bord kuerz nom Start vum Kosmodrom Xichang ausser Kontroll geroden a war op een Duerf an der Géigend gestierzt, woubäi no offiziellen Aussoen sechs Mënschen ëm d'Liewe koum waren. D'Feelerursaach war e Systemfeeler wéinst falschen Daten am Navigatiounssystem, deen d'Rakéit ufanks vun der Startplaz ofkippe gelooss an dann op d'Startplaz zeréckgefouert huet.[1]

Een LM-3A- / CZ-3A-Modell, Hangzhou 2010
Modellrei vun der LM-3- / CZ-3-Rakéiten, Paris Air Show 2015
Versioun 3 3A 3B, 3B/E 3C
 Bild
Éischte Start 29. Januar 1984 8. Februar 1994 14. Februar 1996 25. Abrëll 2008

Déi béid éischt Stufen schaffe mat UDMH an Distéckstofftetroxid a sinn Weiderentwécklunge vum CZ-2C. Déi drëtt Stuf ass eng Neientwécklung a schafft mat kryogenen Dreifstoffer (H2 + O2).

  • Notzlaascht: 4,5 t op 300 km, 3,80 t op eng sonnesynchron Bunn, 1,4 t op eng geostationär Iwwergangsbunn
  • Längt: 42,25 m (jee no benotzter Notzlaaschtverkleedung mat 5,84 m reso. 7,25 m Längt bis zu 43,25 m resp. 44,68 m)
  • Duerchmiesser: 3,35 m
  • Startmass: 202 t (184,2 t = 91,2 % Dreifstoff)
  • 1. Stuf 148,7 t (139 t Dreifstoff, véier Dreifwierker YF-2 mat jee 700 kN Startschub an 140 s Brenndauer)
  • 2. Stuf 40 t (36,4 t Dreifstoff, een Dreifwierk YF-2 mat 800 kN Vakuumschub)
  • 3. Stuf 11,3 t (8,8 t Dreifstoff, een Dreifwierk YF-73 nees zündbar mat bis zu 750 s Brenndauer bei 49 kN Schub)

Versioun mat vergréisserter Drëttstuf a weideren Ännerungen.

  • Notzlaascht: 7,2 t op 200 km, 2,6 t op eng geostationär Iwwerganksbunn
  • Längt: 52,5 m
  • Duerchmiesser: 3,35 m
  • Startmass: 241 t
  • 1. Stuf 179 t (170 t Dreifstoff, véier Dreifwierker YF-20B mat jee 815 kN Vakuumschub an 155 s Brenndauer)
  • 2. Stuf 33,6 t (29,6 t Dreifstoff, een Dreifwierk YF-25/23 mat 831 kN Vakuumschub an 110 s Brenndauer)
  • 3. Stuf 21 t (18,2 t Dreifstoff, een Dreifwierk YF-75 nees zündbar mat bis zu 470 s Brenndauer bei 156 kN Schub)

CZ-3B an CZ-3B/E

[änneren | Quelltext änneren]

Versioun mat vergréisserten Dreifstofftanken a véier Boosteren.

  • Notzlaascht: 5,2 t fir GTO
  • Längt: 54,8 m (56,3 m CZ-3B/E)
  • Duerchmiesser: 3,35 m (8,45 m mat Boosteren)
  • Startmass: 425 t (458 t CZ-3B/E)
  • 1. Stuf 179 t (170 t Dreifstoff, véier Dreifwierker YF-20B mat jee 815 kN Vakuumschub an 155 s Brenndauer)
  • 2. Stuf 55 t (50 t Dreifstoff, een Dreifwierk YF-22A/23A mat 762 kN Vakuumschub an 190 s Brenndauer)
  • 3. Stuf 21 t (18,2 t Dreifstoff, een Dreifwierk YF-75 nees zündbar mat bis zu 470 s Brenndauer bei 156 kN Schub)
  • Booster: 41 t (37,8 t Dreifstoff, een Dreifwierk YF-20B nees zündbar mat bis zu 128 s Brenndauer bei 815 kN Schub)

D'CZ-3B/E ass eng Versioun vun der 3B mat enger op 5,5 t erhéichter Notzlaascht an de GTO duerch Vergréisserung vun der Dreifstoffkapazitéit vun der éischter Stuf an de Boosteren. Den éischte Fluch war de 14. Mee 2007.

D'CZ-3C ass eng Versioun vun der CZ-3B mat zwee Boosteren (9,56 m laang, 4,0 m Duerchmiesser) vun der CZ-2E amplaz vun de véier CZ-3B-Boosteren. Si ass 55 m héich a kann 3.700 kg an e geostationären Transferorbit bréngen.

Als CZ-3-4L, CZ-3A-4L, CZ-3-8L gi geplangt Versioune mat véier oder aacht Zousazboosteren (änlech der CZ-3B) bezeechent.

Portal Astronomie

Commons: Laange Marsch 3 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Eugen Reichl: Das Raketentypenbuch. Motorbuch-Verlag, Stuttgart 2007, ISBN 978-3-613-02788-6.