Labberänt

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
An der Kathedral vun Amiens

E Labberänt ass e System vu Weeër, deen sou ugeluecht ass, datt dës anenee verwuerelt sinn. Et gëtt zwou Zorte Labberänten, déi, wou et just ee Wee eran an eraus gëtt, an déi, wou et Ofzweigungen a Sakgaasse gëtt, sou datt een dee richtege Wee siche muss. Am leschte Fall schwätzt een och vun engem Irgaart.

D'Wuert Labberänt kënnt vum griichesche λαβύρινθος a vum Laténgesche labyrinthus. D'genee Bedeitung ass net kloer, mä et bezitt sech op de mythologesche Galeriësystem vum Daidalos, deen doran de Minotauros agespaart hat. Mä schonn aus der Steenzäit sinn Zeechnunge vu Labberänten erhalen, an et gëtt der a ville Kulturen an Zivilisatiounen.

Si hate meeschtens eng mystesch oder reliéis Symbolik. Am Chrëschtentum, dat se iwwerholl huet, fënnt een se z. B. a Kathedralen um Buedem. Eréischt an der Neizäit goufen d'Labberänten ugeluecht, fir Spaass dran ze hunn, z. B. an de Gäert, wou se ë. a. mat Hecke gebaut goufen.

Neierdéngs si Labberänte populär, déi a Plantatioune vu Planzen déi héich wuessen, wéi z. B. Mais, ugeluecht sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Labberänten – Biller, Videoen oder Audiodateien