Lac du Bourdon

Vu Wikipedia
De Lac du Bourdon
Den Norddäich hannen am Bild

De Lac du Bourdon och nach Réservoir du Bourdon ass e kënschtleche Séi an der Bourgogne-Franche-Comté am Departement Yonne, ongeféier 8 km westlech vu Saint-Sauveur-en-Puisaye.

Et ass de gréisste vun de ville Séien a Weieren déi et an der Puisaye gëtt. E war 1901 als Waasserreserve fir de Scheetbaseng vum Kanal vu Briare ugeluecht ginn. En huet säin Numm vun der Baach déi Bourdon heescht an déi och de Weier vum Schlass vu Saint-Fargeau, fiddert. Nieft där grousser Baach lafen nach zwou méi kleng Baachen dran an zwar de Ru de Boutissaint an de Ru de Chasseloup.

Ronderëm féiert eng 10 Kilometer laang Strooss.

De Séi ass 3 km laang, 500 Meter breet a faasst 9,3 Millioune Meterkibb. Seng gréisst Déift ass 15 m an den Norddäich huet eng Längt vun 330 m.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lac du Bourdon – Biller, Videoen oder Audiodateien