Lambda (Rakéit)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Lambda 4S
D'Rakéit Lambda 4S

Lambda resp. L (no der jeeweileger Schrëft vum 11. griichesche Buschstaaf λ) ass den Numm vun enger japanescher Rakéiteserie. Et goufen d'Héichtefuerschungsrakéiten Lambda 2, LS-A, LSC-3, Lambda 3, LS-C an d'Satellitten-Drorakéit Lambda 4 realiséiert. Den Commande koum vun der Universitéit Tokio, Institute of Space and Aeronautical Sciences (ISAS) aus, a war fir den netkommerzielle Raumfaartprogramm vu Japan.

Bei der Lambda goufen nëmme Feststoffrakéitestufe gebraucht déi vun der Nissan Motor Co. gebaut goufen. Virdru ware Versich mat der Baurei K (wéi Kappa) gemaach ginn. Se goufen duerno am Mu-Programm weiderentwéckelt. Mat enger Lambda 4 gouf den 11. Februar 1970 op der Startplaz vum Uchinoura Space Center deen éischte japanesche Satellit, den Ōsumi, gestart.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lambda Rocket – Biller, Videoen oder Audiodateien