Lambert Picard

Vu Wikipedia
Lambert Picard
Gebuer 8. Februar 1826
Simmerschmelz
Gestuerwen 5. Juni 1891
Nueva Palmira
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Botaniker, Chirurg, Explorateur
Famill
Papp Jean-Pierre Picard

De Lambert Aimé Picard, gebuer den 8. Februar 1826 zu Simmer (Simmerschmelz) a gestuerwen de 5. Juni 1891 zu Nueva Palmira (Uruguay), war en Dokter mat lëtzebuergeschen Originnen, dee seng Karriär als Explorateur ugefaangen hat.[1]

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Lambert Picard huet zesumme mat sengem Brudder Théophile, dee Paschtouer wollt ginn, am klenge Seminär vu Baaschtnech studéiert.

Am Januar 1846 ass hie vun der Belsch aus als jonken Naturalist mat Recommandatiounsschreiwesse vu belsche Ministeren op eng botanesch Expeditioun a Brasilien opgebrach, vun där hien eréischt am Abrëll 1849 an d'Belsch erëm komm ass. Den Zweck vun der Rees war virun allem d'Sammele vun neien Orchideeënaarten. Den 22. Januar 1855 huet hie sech op en Neits no Brasilien op de Wee gemaach, wou en de 16. Mäerz 1855 debarquéiert ass. 1871 ass hien an Europa zeréckkomm, fir zu Heidelberg Medezin ze studéieren. 1872 ass hie mat engem Doktorat an der Medezin an an der Chirurgie an der Täsch an den Uruguay gaangen, wou hien zu Montevideo an duerno zu Nueva Palmira als Dokter praktizéiert huet. Hien huet en Haus gebaut an eng Brasilianerin, d'Filomena Pages, bestuet.[2] De Lambert Picard ass ouni Nokomme gestuerwen.

De Lambert Picard war de Fils vum Jean-Pierre Picard (1785-1837), deen “Régisseur-directeur” vum Héichuewe vun der Simmerschmelz war.[3] Hie war de Brudder vum Amélie Picard.

Seng Relatioune mat Lëtzebuerg schéngt de Picard ni ganz ofgebrach ze hunn. Sou huet hien 1874 en Artikel iwwer d'Gielféiwer-Epidemie vun 1873 zu Montevideo am Bulletin vun der Société des sciences médicales publizéiert. D'Noriicht vu sengem Doud huet och de Wee op Lëtzebuerg fonnt: d'Luxemburger Wort huet an enger klenger Notiz drun erënnert, datt hien de Brudder vum Paschtouer Picard vun Namur wier an zu Nueva Palmira bekannt gewiescht wier “als überzeugungstreuer Katholik, als großer Wohlthäter und sehr thätiger Arzt ”.[4]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Observations sur l'épidémie de fièvre jaune à Montevideo pendant l'année 1873. Bulletin de la Société des sciences médicales du Grand-Duché de Luxembourg 1874, S. 209-212.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hess, J., 1954. Les Picard de Septfontaines. Biographie nationale du Pays de Luxembourg, 6, S. 355-372. [1]
  • Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 2/3 (H-R). Luxemburg, Eigenverlag, S. 653-1342 (L.A. Picard: S. 1221-1222).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Geneanet: Lambert Aimé Picard
  2. Geneanet: d'Filomena Pages
  3. Geneanet: Jean-Pierre Picard
  4. Luxemburger Wort 1891, Nr. 195 (14. Juli), S. 3.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • GeneaNet. Asbl Familiale Picard Rogier: Picard. [2]
  • Heredis: Familles Lavaux, Rogier et Picard: Picard Lambert-Aimé. [3]