Lameschmillen (Biergem)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Lameschmille bei Biergem. Fir aner Plaze mat deem Numm, kuckt wgl. Lameschmillen.
Lameschmillen
An anere Sproochen fr: Lameschmuhle
de: Lameschmühle
Land Lëtzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Gemeng Monnerech
Buergermeeschter Jeannot Fürpass (CSV)
Koordinaten 49° 30’ 47’’ N
      06° 02’ 34’’ O

D'Lameschmillen ass e Lieu-dit an der Gemeng Monnerech a läit um CR164 tëscht Biergem an Näerzeng, um Zesummelaf vun der Baach Mess an der Uelzecht. Et ass déi südlech Limitt vum Naturschutzgebitt Dumongshaff.

Laanscht d'Strooss läit en Depot vu Ponts et chaussées.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Zanter dem 12. Joerhonnert ass op där Plaz eng Millen nogewisen. Déi haiteg Gebaier ginn zum Deel op d'17., d'18. an d'19. Joerhonnert zeréck, mat weideren Ëm- an Ubauten aus dem 20. an 21. Joerhonnert. D'Wunnhaus gouf 2004 renovéiert an déngt als Privathaus. Um Terrain ass eng Reitschoul.

De Millebetrib gouf 1970 definitiv agestallt. Dat eenzegt wat vun den Apparater Rescht blouf ass eng Rimmenachs, déi nieft der Baach am Gaang ass ze raschten.

Lannenallee[änneren | Quelltext änneren]

D'Lannenallee, déi vu Biergem bei d'Mille féiert, steet zanter dem 7. Mäerz 1984 um Zousazinventaire vun den nationale Monumenter.

D'Lannenallee bei d'Millen

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lameschmillen (Biergem) – Biller, Videoen oder Audiodateien