Lana Del Rey
| Lana Del Rey | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Elizabeth Woolridge Grant |
| Pseudonym | Lana Del Rey, May Jailer, Lizzy Grant, Lana Del Ray, Lana Rey Del Mar |
| Gebuer |
21. Juni 1985 New York |
| Nationalitéit | USA |
| Educatioun | Fordham University |
| Aktivitéit | Singer-Songwriterin, Discographesch Kënschtlerin, Sängerin, Schauspillerin, Musekerin |
| Famill | |
| Bestuet mat | Jeremy Dufrene (26.9.2024–) |
| Papp | Robert England Grant, Jr. |
| Mamm | Patricia Ann Hill |
| Geschwëster | Caroline Grant, Charlie Hill-Grant |
|
| |
D'Lana Del Rey, gebuer als Elizabeth Woolridge Grant den 21. Juni 1985 zu New York, ass eng US-amerikanesch Sängerin a Songwriterin. Wéinst hirem melancholesche Stil an hirer markanter Stëmm gëllt si als eng vun de aflossräichste Sängerinne vun hirer Generatioun.
Der Lana Del Rey hir Musek baséiert op enger Mëschung aus Indie-Pop an Alternative, an déi si nach aner Stiler integréiert. Well si an hiren Texter iwwer Léift, Einsamkeet an den amerikaneschen Dram séngt, gëtt hir Musek gëtt dacks als "Hollywood Sadcore" bezeechent . Hire Stil erënnert un Americana-Kultur aus den 1950er an 1960er Joren.
D'Lana Del Rey huet hir Karriär am Joer 2007 ënnert dem Numm Lizzy Grant ugefaangen an huet 2010 hiren éischten Album, Lana Del Ray a.k.a. Lizzy Grant, erausbruecht. Tëscht 2005 an 2006 hat si schonn ënner dem Pseudonym May Jailer den Album Sirens opgeholl, deen awer eréischt am Mee 2012 public gouf.
Hiren internationalen Duerchbroch hat si 2011 mam Lidd Video Games a mat hirem zweete Studioalbum, Born to Die, deen ee vun de meescht verkaaften Albume vum Joer 2012 war.
Diskographie
[änneren | Quelltext änneren]- Kuckt: Diskografie (de)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Lana Del Rey – Biller, Videoen oder Audiodateien |
