Op den Inhalt sprangen

Landwierbeldéieren

Vu Wikipedia
D'Diversitéit ënnert de Landwierbeldéieren). Iewescht Rei: Amphibien. Mëttelst Rei: Mamendéieren. Ënne lénks: Reptiller. Ënne riets: Vullen.

Landwierbeldéieren, och nach Tetrapoden oder Tetrapoda, sinn an der biologescher Systematik d'Wierbeldéieren, déi véier Glidder (Extremitéiten) hunn. Dozou zielen d'Amphibien, d'Sauropsiden – inklusiv de Reptiller an de Vullen – an d'Mamendéieren, dorënner de Mënsch.

Am Laf vun der Evolutioun hunn e puer Gruppe Landwierbeldéieren och Gewässer an de Loftraum eruewert. Wéinst där Upassung un déi nei Liewensraim an u speziell Liewensweisen hunn net all Landwierbeldéiere véier Glidder. Schlaangen zum Beispill hunn hir Been am Laf vun der Zäit erëm verluer, a bei de Vullen hu sech déi viischt Been zu Flilleken entwéckelt. Wärend Amphibien als Larven am Waasser liewen an eréischt als erwuessen Déieren u Land ginn, sinn e puer aner Vertrieder nees zeréck zum Liewen am Waasser gaangen – entweeder deels (Pinguinen, Robben) oder komplett (Walen, Séikéi). Bei de Robbe sinn d'Féiss zu Flosse ginn, genee wéi déi viischt Féiss bei de Walen an de Séikéi, wärend déi hannescht sech zeréckentwéckelt hunn.

 Commons: Landwierbeldéieren – Biller, Videoen oder Audiodateien