Ministère de l'Agriculture, de l'Alimentation et de la Viticulture

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Landwirtschaftsministère)
Ministère de l'Agriculture, de l'Alimentation et de la Viticulture
Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau
Land Lëtzebuerg
Minister Martine Hansen
Verwaltungssëtz Lëtzebuerg
Adress 1, rue de la Congrégation L-1352 Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Lëtzebuerger Regierung
Gegrënnt 17. November 2023
Um Spaweck https://ma.gouvernement.lu/

Deen dacks just Landwirtschaftsministère genannte Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau (fr: Ministère de l'Agriculture, de l'Alimentation et de la Viticulture, gekierzt MA) ass e Ministère zu Lëtzebuerg, dee mat der Regierung Frieden-Bettel de 17. November 2023 an d'Liewe geruff gouf.

En ersetzt engersäits de fréiere Ministère de l'Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural an anersäits de Ministère de la Protection des consommateurs

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

De Landwirtschaftsministère huet ë. a. gekuckt fir déi national Strategie fir den Agrarsecteur, den Ëmwelt- an Déiereschutz, d'Qualitéit vun de Produkter an den Aarbechtsplazen an enger ausgeglachener Raumuerdnung ëmzesetzen.

Kompetenz vum Ministère[änneren | Quelltext änneren]

D'Servicer a Verwaltungen ënner der Kompetenz vum Landwirtschaftsministère, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:

Beräich Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau[änneren | Quelltext änneren]

  • Landwirtschaftspolitik op nationalem an EU-Niveau; wirtschaftlech Entwécklung vum landwirtschaftlechen an agroindustrielle Secteur; nohalteg Gestioun vum ländleche Raum; landwirtschaftlech Ëmweltmoossnamen; Verbesserung vun den Déieren- a Planzenaarten; Schutz vun de landwirtschaftleche Planzekulturen; Geneemegung a Kontroll vu Planzeschutzmëttelen; Geneemegung a Kontroll vun Dünger; Testlaboratoire vun der ASTA; Kompetenzzentrum fir d'Fuerschung an d'Kartographie vum Landwirtschafts- a Bëschbuedem a Bezuch op hir Funktioun a Qualitéit; Iwwerwaachung an nohalteg Bewirtschaftung vum landwirtschaftleche Buedem; meteorologeschen Déngscht fir den Agrarsektor; Agrarberodungsservice; Innovatiounen a Fuerschung am Déngscht vum Agrarsecteur (EIP); Fonds d'orientation économique et sociale pour l'agriculture; Fonds européens agricoles FEAGA/FEADER/SMP/FEAMP; Agrarstatistiken; Landwirtschaftskummer
  • Wäibau a Promotioun vun de Wäiprodukter, hirer Qualitéit an dem Önotourismus; önologesche Laboratoire; Solidaritéitsfong fir de Wäibau; AOP „Lëtzebuerger Musel“; Kommissioun fir d'Promotioun vun de Wäiner, Schaumwäiner a Cremanten
  • Gaardebau; Aktiounsplang fir den Ubau vu Geméis; Promotioun vum Urban Gardening; LUGA 2025
  • Ländlech Entwécklung; LEADER-Initiativ; Duerfentwécklung; Naturparken (Beräicher Landwirtschaft, Ernärung, ländlech an Duerfentwécklung); nationale PAC-Reseau
  • Liewensmëttelpolitik; Promotioun vun enger nohalteger a qualitativ héichwäerteger Landwirtschaft a Liewensmëttelproduktioun; Qualitéitslabelen; Promotioun vun enger nohalteger Landwirtschaft; Aktiounsplang vun der biologescher Landwirtschaft; Qualitéitskontroll; Hierkonftsinformatioun fir Landwirtschafts- a Liewensmëttelproduiten an Norme fir d'Kommerzialiséierung fir landwirtschaftlech Produiten, Wäin a Spirituosen; Bekämpfe vun der Liewensmëttelverschwendung
  • Iwwerwaache vun der Liewensmëttelketten; offiziell Kontroll vun der Produktioun, der Veraarbechtung an der Verdeelung vun de Liewensmëttelketten, fir ze garantéieren, datt déi chemesch, biologesch a physesch Sécherheet vun de Primärproduiten, dem Déierefudder, de Liewensmëttel vun Déieren oder vu planzlecher Hierkonft, asw. agehale gëtt
  • Analytesch Kontroll vun der Liewensmëttelketten an dem Déierewuel; Analysen an analytesch Bewäertungen am Beräich vum Déierewuel an der Liewensmëttelsécherheet asw.;
  • Gestioun vun den offiziellen Laboratoiren an de Referenzlaboratoiren; Zesummeféierung vun den Aktivitéite vun de Laboratoiren am Beräich vun der analytescher Liewensmëttelkontroll
  • Kontroll vum Déierewuel an Iwwerwaachung vum Déierewuel no der “One Health” Approche; Kontroll vum Déierewuel um Niveau vun de verschiddenen Aktivitéite wou Déieren involvéiert sinn: Haltung, Transport, Verkaf, Adoptioun, Handel, Ziichtung, asw.; Programmer fir Déierekrankheeten ze verhënneren a fir Epidemien z'iwwerwaachen; Opstelle vun Noutfallpläng; Impfcampagnen; Exportcertificaten
  • EU-Fëscherei Politik
  • Promotioun fir d'Zille vun Notzdéieren am Fräien am Respekt vun den hygienesche Bedéngungen an dem Déierewuel
  • Bezéiunge mat internationalen an europäeschen Institutiounen an de Beräicher Agrarpolitik, Fëscherei, Planzenvarianten, Liewensmëttelsécherheet, Déierewuel, “One Health” a Planzegesondheet
  • Administration des services techniques de l'agriculture (ASTA); Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire (ALVA); Service d'économie rurale (SER); Lëtzebuerger Wäibauinstitut; Office national du remembrement (ONR).

Beräich Konsumenteschutz[änneren | Quelltext änneren]

  • Allgemeng Koordinatioun vun der Politik iwwer de Konsument; national Strategie fir d'Konsumenten; Politik vum Konsumenteschutz, Promotioun a Verdeedegung vun de wirtschaftlechen Interesse vun de Konsumenten; Verbraucherpolitik am Bannemaart an op nationalem Plang; Politik fir d'Inclusioun vu vulnerabele Konsumenten a fir den Zougang zur Informatioun fir d'Konsumenten; Formatioun, Informatioun a Sensibiliséierung am Beräich vum Konsumenterecht (Geschäftsleit a Konsumenten); Qualitéitszertifikater fir Produkter a Servicer fir Konsumenten; Konsumgewunnechten; Aféierung vun de Sammelkloen zu Lëtzebuerg
  • Code de la consommation: legislativ Koordinatioun; Applizéiere vum Code de la consommation a Sanktiounen dozou; Kontrollen am Beräich vun de Konsumenterechter; Kontroll vum Affichage vun de Präisser an de Geschäfter an am Internet; Iwwerwaachung vun de Geschäftspraktiken a Gestioun vun de Reklamatiounen iwwer Verstéiss géint d'Konsumenterechter; Koordinatioun tëscht an Zesummenaarbecht mat den nationalen Autoritéiten; Kontroll vun de Vermëttler fir Konsumkreditter
  • National Enforcement Body (NEB); Passagéierrechter
  • Verantwortungsvolle Konsum an nohalteg Produktioun: Sensibiliséierung an aktiv Promotioun vum “Conscious consuming”
  • National Relatioune mat Konsumenteschutzorganisatiounen; Relatioune mam europäesche Verbraucherzentrum (CEC); Bezéiunge mam Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC); Bezéiunge mat de qualifizéierten Agencen déi fir d'Mediatioun am Beräich vum Konsumenterecht zoustänneg sinn; Verbraucherberodung
  • Bezéiunge mat internationalen an europäeschen Institutiounen am Beräich vun der Konsumentepolitik: COM, CPC, CPN, ICPEN, ISO COPOLCO, OECD, UNCTAD.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ministère de l'Agriculture, de l'Alimentation et de la Viticulture – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.