Lannen um Pläitrengerhaff

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Lannen um Pläitrengerhaff (Februar 2008)
Déi zwou Lannen, mat Bléck op d'Kapell an déi zwou bemierkenswäert Eeche beim Weier

Déi zwou Lannen (Tilia sp.) um Pläitrengerhaff stinn op béide Säiten am Agank vum Haff.

Hiren Alter ass net bekannt, däerft awer 100 Joer iwwerschreiden. Et ass net gewosst, zu welcher Aart si gehéieren (Summer- oder Wanterlannen).

Wéinst hirem Alter an der Plaz wou se stinn, gehéieren si zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg. Si goufe fir d'éischt 2002 op d'Lëscht vun dëse Beem opgeholl.

Ëm 2000 gouf op Broschthéicht en Ëmfang vun 3,10 an 3,57 m gemooss.

Geographesch Koordinaten: 49° 35’ 32.00’’ N 06° 16’ 45.15’’ O

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 47, Text a Foto).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

  • Aner bemierkenswäert Beem um Pläitrengerhaff:
Zwou Eeche beim Weier
Séisskäschtebam am Bongert
Zwee Spirebeem am Bongert