Lantana camara

Vu Wikipedia
Lantana camara
Bléien
An anere Sproochen de: Wandelröschen
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ënnerräich Tracheobionta
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Asteriden
Uerdnung Lamiales
Famill Verbenaceae
Gattung Lantana
Wëssenschaftlechen Numm
Lantana camara
L.

Lantana camara ass eng Planzenaart aus der Gattung Lantana, bannent der Famill vun de Verbenaceae. Si ass an den Tropen a Subtropen eng staark invasiv Planz. Se gëtt an hiren Zuuchtformen awer och soss enzwousch gär als Zierpflanz benotzt.

Et handelt sech ëm Traisch mat laangen Äscht, déi liicht erofhänken. D'Blieder sinn 1 bis 2 cm laang, oval, hunn e radderege Bord an eng rau bis ronzelech Uewerfläch.

Opfälleg sinn hir Bléien, 1,5 cm bis 3 cm grouss, déi a Kludderen zesummestinn, an déi giel oder orange, méi spéit roudelzeg bis mof sinn. Duerch dës verschidde Faarwe vu bannen no bausse kréie si hiert charakteristescht Ausgesinn.

D'Friichte sinn ufanks gréng, wa se zeideg sinn, metallesch-schwaarz, a si wéi och de Rescht vun der Planz, gëfteg (Lantaden A a B, Icterogenin an Triterpenen).

D'Aart kënnt ursprénglech aus Zentralamerika an aus dem südlechen Nordamerika, ass awer op alle Kontinenter verbreet ginn. Se verbreet sech invasiv an ass dowéinst a Südafrika als Gaardeplanz verbueden.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lantana camara – Biller, Videoen oder Audiodateien