Larry Page

Vu Wikipedia
Larry Page
Gebuer 26. Mäerz 1973
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vu Michigan,
Stanford University
Aktivitéit Entreprener, Informatiker, Ingenieur
Member vun American Academy of Arts and Sciences, National Academy of Engineering

De Larry Page, gebuer de 26. Mäerz 1973 zu Ann Arbor, Michigan als Lawrence Edward Page, ass en US-amerikaneschen Informatiker an Entreprener.

Zesumme mam Sergey Brin huet hien d'Sichmaschinn Google entwéckelt. De Prototyp gouf de 7. September 1998 gestart. Doriwwer eraus ass en CMO an CEO vun der kalifornescher Entreprise Google Inc. Am Mäerz 2012 huet d'Wirtschaftsmagazin Forbes säi Verméigen op 20,3 Milliarden Dollar geschat.[1]

Op der University of Michigan krut en de Bachelor an den Ingenieurwëssenschaften an duerno op der Stanford University de Master an der Informatik.[2] Hien ass den Erfinder vu PageRank, der Grondlag vum Google-Sichalgorithmus.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Larry Page – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Forbes Ranking Larry Page, opgeruff den 11. November 2012
  2. De Page bei Google Management-Team, opgeruff den 11. November 2012]