Latäin

Vu Wikipedia
Latäin
lingua latina
Gëtt geschwat an: Vatikanstad
Regioun: {{{Regioun}}}
Gëtt geschwat vun: Nëmmen als zweet Sprooch
Klassement:
Klassifikatioun no Famill: Indoeuropäesch
Offizielle Status
Offiziell Sprooch vun: Vatikanstad
Reglementéiert vun:
Sproochcoden
ISO 639-1 la
ISO 639-2 lat
ISO 639-3 {{{iso3}}}

Als Latäin (lat. lingua Latina) bezeechent een déi Sprooch, déi ursprénglech vum Volleksstamm vun de Latiner geschwat gouf, déi och der Regioun Latium mat Roum als Zentrum hiren Numm ginn hunn. Latäin gehéiert domat zu den italesche Sproochen, déi zu den Centum-Sprooche gehéieren, déi hirersäits zur indogermanescher resp. indoeuropäescher Sproochfamill gezielt ginn. Dat Laténgescht stellt d'Grondlag fir all haiteg romanesch Sproochen duer.

Grammaire[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt den Artikel Laténgesch Grammaire.

Bekannt Auteuren, déi op Latäin geschriwwen hunn[änneren | Quelltext änneren]

Latäin an der Schoul zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg huet een zum Schluss vun der Septième d'orientation, dem éischte Joer am Enseignement secondaire, d'Méiglechkeet tëscht der klassescher Orientatioun (Latäin + Englesch vu 5e un) an der moderner Orientatioun (Englesch + nach eng aner lieweg Sprooch vun 3e un) ze wielen. An den éischten dräi Joer Latäin gëtt haaptsächlech Grammaire a Vocabulaire gemaach, mä och scho vill iwwersat. No der 3e kann ee, wann ee wëll, nach viru maache mam Latäin. An den zwee leschte Lycéesjore gi bal nëmme méi Texter vun de groussen Auteuren (Cicero, Tacitus, Seneca...) iwwersat, a Grammaire sou gutt wéi keng méi gemaach. Beim Iwwersetze kritt een natierlech d'Réimesch Geschicht a Kultur méi no bruecht.

Virdeeler vum Latäin an eiser Zäit[änneren | Quelltext änneren]

Wann ee Latäin léiert, gëtt engem domat och automatesch am Franséische gehollef, sou wéi an den anere romanesche Sproochen. Dacks kann een och erausfannen, wat e Wuert heescht, ouni Dictionnaire, mä mat Hëllef vun der Etymologie.

Bicher zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Gason a Lambert: Invitation au latin 4e, d'Enée à César
  • Gason a Lambert: Invitation au latin 3e, de César à Marc Aurèle

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Latäin – Biller, Videoen oder Audiodateien