Op den Inhalt sprangen

Laura Codruța Kövesi

Vu Wikipedia
Laura Codruța Kövesi
Gebuertsnumm Laura Codruța Lascu
Gebuer 15. Mee 1973
Sfântu Gheorghe
Alter 53 Joer
Nationalitéit Rumänien
Educatioun Babeș-Bolyai-Universitéit Cluj,
Universitatea de Vest din Timișoara
Aktivitéit Procureuse
Auszeechnungen Chevalier vun der Légion d'honneur‎, Offizéier vum Ordre national du Mérite
Bestuet mat Q27044362 (2002–2007)

D'Laura Codruța Kövesi, gebuer de 15. Mee 1973 zu Sfântu Gheorghe als Laura Codruța Lascu, ass eng rumänesch Juristin. Si war vun 2013 bis 2018 Direktesch vun der Nationaler Antikorruptiounsdirektioun (Direcția Națională Anticorupție) vu Rumänien. Zanter Juni 2021 ass si Procureur-général um nei geschafenen Europäesche Parquet.

D'Laura Lascu huet vun 1991 bis 1995 op der Babeș-Bolyai-Universitéit Cluj a vun 1996 bis 1997 op der Lucian-Blaga-Universität zu Sibiu Droit studéiert. Hir Dokteschthees, déi se 2012 op der West-Universitéit Timișoara ofgeschloss huet, hat als Theema de Kampf géint déi organiséiert Krimialitéit.[1]

Si gouf nom Ofschloss vun hirem Studium 1995 Procureur zu Sibiu, wou se 2000 Procureur principal fir d'Repressioun vun organiséierter Kriminalitéit, Korruptioun an Drogenhandel gouf. 2006 gouf si mat 33 Joer déi jéngst an éischt weiblech Procureure générale Um Ieweschte Geriichts- a Kassatiounshaff vu Rumänien. 2012 ass si an de rumänesche Justizministère gewiesselt, wou si fir deem seng Relatioune mat der Europäescher Kommissioun responsabel war.

Am Mee 2013 gouf d'Laura Kövesi Direktesch vun der rumänescher Antikorruptiounsautoritéit[2] an huet an de Joren dono dausende vu Beamten a Politiker viru Geriicht bruecht, dorënner och zwéi fréier Premierminister, a vill vun hinne koumen an de Prisong.

Den 19. September 2019 gouf si vun enger Majoritéit vun den EU-Memberstaaten als Cheffin vum neien Europäesche Parquet designéiert.[3] Zanter dem 1. Juni 2021 ass si als Procureur général Cheffin vun där Autoritéit, mat Sëtz an der Stad Lëtzebuerg.[4]

 Commons: Laura Codruța Kövesi – Biller, Videoen an Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. ↑ Laura Codruţa Kövesi: Combaterea crimei organizate prin dispoziţii de drept penal. Dissertatioun 2011.
  2. ↑ Renate Meinhof: Laura Codruţa Kövesi. sueddeutsche.de, 27.02.2018.
  3. ↑ Korruptionsjägerin Kövesi leitet EU-Staatsanwaltschaft. orf.at, 19.09.2019.
  4. ↑ So furchtlos wie unverfroren. sueddeutsche.de, 01.06.2021.